Virun Rammstein huet nach Volbeat, souzesoen als Virband, tëschent 9 an halwer 11 gespillt an d’Leit gutt animéiert (een Circle Pit nom aneren an eisem Eck!). Gerockt hun se op alle Fall, an et war en definitiv en gäilen Warm-Up! Mä dono huet een nach missen 1 laang Stendchen emkréien, mat gehierlosem Duuscht an enger infinitesimaler Ongedold! Während déier Period gouf op der Bühn den Light- an Soundcheck duerchgefouert, wouduerch d’Uspanung nach méi geklommen as. Kleng Randnotiz: déi ganz motoresch an pyrotechnesch Installatiounen goufen schon während der Nuecht op der Bühn duerchgefouert (Rammstein war mat ca. 20 Trucks ennerwee, vollgepaakt mat Bühnenmaterial). Um halwer 12 war et dann endlech esou wäit! Mä et huet schon mat engem klengen techneschen Patzer ugefaangen: een Deel vum Rideau gouf ob emol einfach erof geloss, sou dass een elo jhust en schwarzen Virhang gesin huet wou e bessen Damp eraus koum. Sie benotzen nämlech en 2-schichtegen Rideau, deen bei direkter Beliichtung duerchsichteg gett! Bon all ze schlemm war déi Pann net, vu dass et dono direkt mat den éischten Drumbeats lass gaangen as, mat engem synchronen Feierwierk hannert der “Main Stage”.
Beim éiwegen Klassiker “Du Hast” gouf mat pyrotechneschen Effekter guer net gespuert: 6 grouss Flammenwerfer virun der Bühn an 4 Stéck déi op engem Gerüst iwert der Bühn hungen an no ennen geriicht waren hun sech während dem Lidd öfters ofgewiesselt, zousätzlech goufen nom Gesangssolo vum Publikum an der Mëtt vum Song Rakéiten gestart, déi en Aller-Retour an Richtung Bühnengerüst gemaach hun an zum Schluss dann nach eng Fonkenexplosiozun provozéiren (siehe Video)! Eng kleng Kuriositéit gouf et och: am Ufank vum Lidd wollt dem Lead-Gitarist (Richard) sein Mikro net wieklech funktionéieren, logescherweis koum direkt en Techniker vun der Band op d’Bühn gerannt fir den Problem ze léisen, mä deen gouf vum Till direkt verscheucht an heen huet dono nach eng Wasserfläsch an Richtung Techniker-Crew geschoss :D (keng Angscht, dat as typeschen Rammstein-Humor, sie hun sech dono rem all lieb).
Beim 15ten Lidd “Bück Dich” gouf et mol en zimlech gäilen instrumentalen Intro mat Flammenwerfer-Gitaren, an dono gouf während dem Lidd den Keyboarder Flake vum Sänger Till mat engem Dildo vun “hannen geholl” an huet zum Schluss an Form vun Pastis op den Public an den éischten Reihen ejakuléiert (natierlech eng Inszenéierung mat engem breeden ironeschen Spektrum)! Nom 16ten Lidd “Ich Will” koumen mer dunn an den Genoss vun enger Zugabe. Immnens positiv iwerrascht war ech vun der Piano Versioun vun “Mein Herz Brennt”: den Till an den Flake spillen en wonnerschéint Duett während dem ech eng Hingerhaut haat, zumols wann 60.000 bis 80.000 Leit zesummen “Mein Herz Brennt!” sangen... (siehe Video) Eent vun den gäilsten Lidder vum Owend war definitiv “Sonne”! Eng Flamen-Orgie par excellence an en brennend Rammstein-Kräiz am Hannergrond vun der Bühn (siehe 2t Bild), einfach göttlech! No circa enger Stonn an 35 Minuten gouf den Concert mam Song “Pussy” ofgeschloss, also stungen insgesamt 18 Lidder um Programm wat fir Rammstein en gutten Duerchschnett as! Als Ofschloss hätt ech mir zwar léiwer “Engel” gewenscht, mä summa summarum war ech voll zefridden mat hirem Optrett.
Den ganzen Concert hat einfacheng gewalteg Intensitéit, d’Jongen war saugutt drop an et huet een richteg gemierkt, dass se nach emmer gehierlos vill Spass un deem hun wat se maachen, obwuel se schon baal 4 Joër op Tour sin! An puncto Sound gëtt et nix ze meckeren, deen war wieklech top an zumols d’Drums haten richteg Pepp. Et war gutt ze héieren, dass den Drummer (Schneider) an denen leschten Joëren seng Art a Weis wéi en spillt kontinuierlech verbessert huet: intensiv, präzis an awer mat enger gewessener Lässegkeet! Alles an allem kann ech behaapten, dass mer dësen Open-Air Concert definitiv besser gefall huet wéi déi 2 Concert’en an der Rockhal am Januar 2010 an am Dezember 2011, wat definitiv duerch déi besser Stemmung um Rock Werchter bedingt war. Vun der Band-Performance hir waren déi 3 Concert’en vun hinnen, déi ech bis elo gesin hun, zimlech op engem nämlechten an immens héichen Niveau!
Ech sin mer op alle Fall bewosst, dass eng Partie vun den Leit mat der Band “Rammstein” net vill kennen ufenken, entweder well hinnen d’Musik net gefällt (instrumentalen an lyreschen Beräich) oder well se duerch d’Meenungen vun den Medien beaflosst goufen, mä dës Band huet definitiv méi ze bidden wéi een dat op den éischten Bléck mengen géif. Et muss een sech mat denen 6 sympatheschen Menschen beschäftegen, mat déier Geschicht déi hannert dëser Museksgrupp stécht wéi och mat der Lyrik. Wann een bis eng Kéier déi herrlech Ironie, den Sarkasmus, den groussartegen Humor an déi enorm Authentizitéit vum Konzept “Rammstein” entdeckt huet, dann kennt een eréicht an den Genoss vun dëser eenzegarteger Band ...
Sex.
AntwortenLöschen