Mittwoch, 31. Juli 2013

Eischt Gedanken zu Pikmin 3

De 26ten Juli ass Pikmin 3 fier d'Wii U rauskomm. Deemols wou ech d'Konsolen e Bëssen méi ënnert d'Lupp geholl hun, haat ech dëst Spill ugekënnegt an hu mech säitdeem drop gefreet wéi e Kichelchen! Wou deen éischten Deel rauskomm ass war ech nach e klengen naiven Jong an hun et net fuerchtbar wäit an deem Spill bruet. Ech erënneren mech just nach dass ech am Spill nach 2 Deeg (ca. 40 Minuten) Zäit haat fier 10 Stécker vum futtisen Raumschëff ze fannen, an dass ech emzingelt war vun béise Monsteren, ouni groussarteg eppes dogeint kënnen ze maachen. Aus Frust hun ech den 2ten Deel dunn iwwersprongen an trauen mech lo, 11 Jooër méi spéit un den drëtten Deel - hei meng éischt Gedanken:
Als alleréischt emol: et deet fucking gudd endlech e Spill vun Nintendo am HD kënnen ze genéissen, an Pikmin 3 ass dofier scho baal ideal fier unzefänken. E "Pikmin" ass neemlech eng klengt Knospenwesen daat quiekt an tappseg rondremleeft an haaptsächlech an der Natur haust. Doduerch kritt een déi voll Detaill-Ladung vun enger HD-Konsol riit an d'Gesiit! All kleng Waasserdrëpps, all Blaat an all Grashalm sin gestachen schaarf an loossen engem en Fonkeln an den Aaen opkommen.

Lo awer zum Inhalt: et geet lass dass e Raumschëff (mam Numm "Drake") bei der Landung op engem friemen Planéit e klenge Problem huet, an sou déi 3-Mann-Besetzung getrennt gëtt an verstreet um Planéit land. D'Zeil vun hierer Reess war awer eigentlech dee Planéit ze erkunden... Also muss een mühevoll mat all Charakter eenzel e puer kléng "Tutorial"-Rätselen léisen, bis een dann endlech zu 2 ënnerween ass. Dëst ass nei fier d'Pikmin-Frachise; bis elo konnt een ëmmer nëmmen een Character (den Cpt. Olimar, deen ee vläit och aus Super Smash Bros: Brawl kennt) steieren. Duerch déi relativ intuitiv Steierung mam WiiU-Gamepad kann een also zu deem engem sooen "laaf do hin", a wärend deen daat mëcht, kann ee mat deem aaneren scho mol eng aaner Aufgab maachen. Subaal een daat drëtt a lescht Crewmember fonnt huet, kann een daat ganzt dann mat hinnen 3 maachen - richtegen Multitasking also!

D'Detailler vun de Friichten sin Sensationell. Beim éischten Aapel hun ech baal 5 Minuten domat verbuet deen aus alle Wénkelen ze bewonneren!
Ech hun d'Spill nach net duerch, ech si grad mal vierdrun daat Drëtt Crewmember ze fannen, mee trotzdem kann ech mol sooen dass net alles mega offensichtlech ass! Obwuel een am Ufank Pikmin noogeheit kritt souvill een der wëll, muss een duerno oppassen dass der net zevill Stierwen, well d'Ressourcen si limitéiert an vill Rästelen brauchen méi wéi eng Sorte vu Pikmin (déi kënnen neemlech je no Faarw eppes aaneschtes). Vierausgesaat et fënnt een dann wou een muss weiderfueren; wann een net am Detaill kuckt kann et sin dass een, wéi ech, mol eng gudd hallew Stonn NET weiderkënnt, an daat lo schon... ech gesi kommen dass meng 3 Männecher werten stierwen ;) Mee ech fannen daat ganz gudd sou - léiwer et ass am Detaill verstoppt wéi dass mat der Scheierpoart gewonk gëtt wou et weidergeet!
heiansdo kann et mat bis zu 100 Pikmin am Bild zimmlech komplizéiert an hektesch gin!
Wéi ech scho soot ass d'Steierung ganz intuitiv, an wann een sech bis dru gewinnt huet ze zielen dann leeft de Combat och schon e gudd Stéck mi liicht. Wéi een zielt gëtt engem iwwregens net gesoot am Spill, dorop muss ee selwer kommen! Nach e grousse Plus, wéi ech fannen, ass dass d'Gamepad als Map an Inventar déngt! Ech hu mer sou eppes gewënscht, an drop gehofft dass ech net wärend dem Kampf beemol nach eppes um Touchscreen vum Pad knëschele muss, waat och Gott sei dank net de Fall ass! Iwwregens kann een zu all Zeitpunkt mam Minus-Button d'Geschehnisser op de Gamepad switchen, sou dass en aaneren Fernseh kucke kann wärend een monter weiderspillt!

Bis lo sin ech zimmlech begeeschtert vum Spill an hoffen dass et mer nach e Puer cool Stonnen Content liwwere wäert! Et gëtt iwwregens och nach en Spezial-Missioun Modus, deen ech awer na net probéiert hun... ech hun awer héieren dass deen net sou einfach ass! Wann der méi iwwer Videospiller liese wëllt, dann kann ech Ierch gäeren op dem "Nicentra" säi Blog weiderleeden, well deen beschäftegt sëch ausschliesslech mat Videospiller! http://www.nicentra.blogspot.com

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 29. Juli 2013

Scream and shout!

Vu dass ech 3 Wochen fort war an doduerch net dozou komm sin meng Traditioun vum "Video"-Freiden beizehaalen huelen ech daat haut mol mat engem Video noo. Dëse Video ass vläit net fier jiddereen, well en sëch mat genialen Spill "The Elder Scrolls: Skyrim" beschäftegt an daat ganzt mat realer Physik vergläicht! Waat genee geschitt an deem Video? Als éischt gëtt ausgerechent waat géiff geschéien wann e Mensch wierklech su haart bläere kéint, an duerno gëtt nach bëssen mat groussen Zuelen beandrockt!


bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 28. Juli 2013

Merci :)

Et ass Sonnden, all Mënsch ass faul an ierjendwei huet keen su richteg Motivatioun fier eppes ze maachen; dofier gëtt et haut och net vill ze liesen! A wéi den Zoufall et wëll hun ech och genee dofier eng Klengegkeet fonnt fier haut.

yeeeeeeey.
Vlait hudd der et matkritt, vlait och net: ech haat gëschter Gebuertsdaag, yay! An wéi kann ech mer et méi einfach maachen e Blogpost fier haut ze kréien AN jidderengem Merci ze sooen wéi mat dësem Post? ;) Dofier lo knapp an bündeg:

MERCI !! *



*merci u jiddereen dee mer fier mäi Gebuertsdaag gewënscht huet, sierf et via Facebook, Sms, Uruff, eMail oder suguer soziale Kontakt! En superduper Merci awer un déi déi vun sëch aus dru geduet hun an net vun Facebook hu missen drun erënnert gin :p (oder vu Skype) (oder vum Handy) (oder...). Dann sooen ech och nach kuerz Merci fier den awesome Support deen der dem Blog säit dem Re-Launch fierun 3 Méint gin hudd, sou mëcht daat mer richteg Spass! Als klenge Kado fier mäi Gebuertsdaag kënnt der io roueg meng Facebook-Page ( www.facebook.com/svenspov ) sharen fier dass ech vläit nach e Puer Likes kréien ;).

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 27. Juli 2013

Movies: Kon-Tiki

Kon-Tiki

Am "Kon-Tiki" geht et em d'Geschicht vum Thor Heyerdal, en Fuercher an Entdecker deen et richteg gin ass, an seng Reess iwwert den pazifeschen Ozean mat der heen beweise wëll dass et fier Süd-Amerikaner méijlech war sech an Polynesien nidder ze loossen. Wou heen seng These proposéiert gëtt heen ausgelaach vun de Wëssenschaftler an hee geet eng Wett an; wann heen et packt mat de selweschten Moyens wei fréier den Ozean ze iwwerqueren, dann kritt en recht. Also baut en sech mat der Hëllef vun e Puer Kollegen e Flooss an versicht seng These ze beweisen!


Bon, ween sech mat Geschicht auskennt, dee weess ganz genee wei dëse Film wert ausgooen, mee fier all déi Aaner gëtt eng spannend Geschicht gebueden. Am Ufank kritt een bëssen vum Thor senger Vergaangenheet gezielt, an erkläert wéi en op séng Idee kënnt, waat alles zimmlech loogesch kléngt. Leider dauert et doropshin et gudd Stéck bis d'Reess endlech lass geet. Meeschtens hun ech den Deel vum Film zimmlech gäer wou mat Musik d'Geschicht séier weidergedriwwen gëtt, mee an dësem Film huet e mëch e Bësse gestéiert, well en ëmmer rem ennerbrach gëtt an et net sou wiiierklech fierun geet.

Ab deem Moment wou se awer um Flooss sin, geet d'Geschicht réicht su richteg lass, schliesslech ass daat d'Ziel vun der ganzer Saach. Ouni lo wëllen ze spoileren, behaapten ech dass een sech denke kann dass zu engem bestëmmte Moment d'Saach zimmlech schlecht ausgeseit, an zu genee deem Moment vum Film hun ech mer geduet "hmm, hun ech sou eppes net schon gesin?" an d'Änfert dorop ass "jo, de Film heescht Life of Pi." Doduerch dass an dësem Film vill wonnerschéin Naturbiller gewissen gin, genee wéi am Life of Pi, an doduerch dass se op engem Stéck Holz mat wéineg Proviant zimmlech hoffnungslos um Waasser ennerwee sin, genee wéi am Life of Pi, ass et mer e bësse langweileg vierkomm alles "fier d'Zweet" ze gesin.


Trotzdem hun ech de Film spannend fonnt, an d'Emsetzung vun dëser richteger Geschicht ass menger Meenung no gudd gelongen. De Film war iwwregens nominéiert fier "best foreign movie" bei den Oscars, huet awer leider net gewonnen, warscheinlech well Life of Pi schon suvill Saache gewonnen huet ;) . Ech gin dem Film 6.6/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an muss dobäi fügen dass engem am Nachhinein vill Saachen opfaalen déi op eemol zimmlech blöd oder onwarscheinlech wierken, mee am Film selwer mierkt een daat net!

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 25. Juli 2013

Movies: Monsters University

Monsters University - by Dan Scanlon

Infosite mat Traileren a Biller

Fierun 12 Jooër ass mat Monster Inc. en grousse Succès rauskomm, deen net nëmmen richteg witzeg war an ëmmer nach ass, mee och nach dobäi de Kanner d'Angscht fierun de berühmten "Monsteren ënnert dem Bett" geholl huet. An dësem Film, deen fierum éischte Film spillt, geet et em d'Ausbildung an Schoul vun den 2 Haapt-Protagonisten dem Mike an dem Sullivan. Eng Froo déi sech de Mike (dee gringen) stellt an oft un de Kapp geheit kritt, ass op heen wierklech angsteinflössend ass. (Souvill "Angscht fierun de Monsteren wesch huelen"...)


Wéi schon den Titel verréit spillt sech de Film an der Unizeit vun de Monsteren oof, an domat an enger Zeit wou een als Schüler zimmlech vill Dommheeten mëcht. An daat ass och gudd sou well de Film léisst wierklech kee Cliché aus, wouduerch een schon am Ufank, wann een déi eenzel Personnagen kennen léiert, schon gudd laache kann; den Humor ass riit raus an éierlech ouni vill Schnickschnack.

Natierlech huet de Film och eng Story déi sech duerch de Film zidd - dës ass awer relativ liicht duerchschaubar, mee daat stéiert een net wierklech, schliesslech ass daat bei sou zimmlech all Pixar Film sou! Trotzdem fannen ech se gudd an d'Art a Weis wéi se d'Haaptgeschicht op en typescht amerikanescht Uni-Event gebaut huet mer ganz gudd gefall. (Wann der de Film gesidd mëcht dee Saatz vill méi Sënn!)


Natierlech gouffen, wéi konnt et aanescht sin, rëm genuch insider Witzer an kleng Hannergrondjokes agebaut; fier déi all ze gesin oder iwwerhaapt ze bemierken muss een de Film sëcher méi wei 1 mol kucke gooen. Wann een awer gudd genuch oppasst kritt een e gudden Deel dovunner mat, an soumat nach e Puer Extra-Schmunzler. Ech hu mech duerch de ganze Film gudd amüséiert gefillt an hun méi wi eng Kéier haart opgelaach. No 12 Jooer huet de Film a seng Personnagen iwwerhaapt näicht u Witz verluer, an erweckt d'Kand an engem fier déi knapp 2 Stonnen. Wann der d'Wiel tëscht den momentanen Animatiounsfilmer hudd, dann sollt dësen op jiddefall an der enker Auswahl stooen! Ech gin dem Film 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala.

bis dohin,
stay tuned.