A leschter Zeit schwieben ech dauernd an Nostalgie, an ech weess net fierwaat! Méi wi nëmmen eemol den Daag erwëschen ech mech wei ech bei ganz banalen Aktivitéiten beemol drun denken wei daat "fréier" sou war, ansoufern wei en 20-Jähregen vu "fréier" schwetzen derf ;) Duerno ass mer dann awer opgefall dass dei meescht Saachen iwwert déi ech an deene Momenter noodenken alleguer nëmmen bis e gewëssenen Alter gin; doropshin hun ech mer d'Froo gestallt: bis weieen Alter gin dei nostalgesch Gefiller zréck?
Net fier et falsch ze verstooen: ech frooe mech net weivill Jooer mer eis zeréck kënnen erenneren, mee ech frooe mech bis weieen Alter mer Saachen erliewen op déi mer speider nostalgesch zereckkucken. Ech erënnere mech zum Beispill nach ganz genee un den Daag wou ech mäin alleréischte Game Boy mat mengem alleréischte Spill kritt hun! Et war schon däischter dobaussen an ech suutz op eisem donkelblooen Canapé ganz lénks fier d'Këscht opzemaachen. Ech haat déi Säit gewielt well do eng kleng Luut stoung, an ech soss näicht gesin hätt. Ech maachen d'Spill op a si begeeschtert dass d'Kassett Rout ass, meng Lieblingsfoarw. Ech maan de Game Boy un an héieren fier d'alleréischte Kéier a mengem Liewen daat geraïsch daat de Game Boy mëcht, an kuerz drop héieren ech d'Pokemon Musik...EEPESCH!
Par Contre, vun deem Daag wou ech déi alleréischte Kéier den Nintendo DS opgemaach hun, weess ech just nach dass et gereent huet... d'Auerzeit, d'Location an de Grond fierwaat ech e kruut weess ech nemmei. Gleichzeiteg erënneren ech mech net un sou eppes sensationelles dass et nach 10 Jooer a mengem Kapp bleiwt. Bon, dëse Vergleich hinkt vläit e bëssen well et 2 mol em eng Spillkonsol geet. Ech géiff also behaapten dass een haaptsächlech un "éischt Kéieren" denkt wann een nostalgesch gëtt. Mee och daat kennt mer grad net richteg vier... Ech weess nach ganz genee wei mein alleréischte Velo ausgesin huet, ech weess nach wouhin ech di alleréischte Kéier mam Fliijer geflunn sin, mee ech weess scho baal nemmei Wei et war wou ech di alleréischte Kéier Guitar gespillt hun, oder mein Mac benotzt hun, an daat ass knapps mol 6 Jooer hier!
Lo ass d'Froo déi sech mer stellt: ass daat nach net laang genuch hier fier dass ech e kribbelen an de Bauch kreien wann ech dorun denken, oder si mer allgemeng zevill "verwinnt" vun all der Technologie dei eis emgëtt, sou dass mer nei Saachen guer net mei als sou sensationnel empfannen, wei mer se freier gemaach hun? Probeiert mol dei Froo ze beänferten! Daat war et dann haut vu mier, ech haat spontan Loscht dësen noodenklesche Post ze maan; ech mengen ech spille lo bësse Mario Kart 64 ;D
bis dohin,
stay tuned.
Montag, 3. Juni 2013
Sonntag, 2. Juni 2013
Spotlight: PrankvsPrank
Laang ass et hier säit dem leschten Deel vum Youtube-"Guide", an ech weess mol net fierwaat, ech hu warscheinlech einfach net dru geduet. Op jiddefall huet mech daat gudd Wierder dozou inspiréiert an dësem Deel vum Guide e lëschtegen Channel fierzestellen; dësen dréit de Numm "PrankvsPrank".
Bedriwwen gëtt den Channel vun enger Koppel déi säit 6 oder 7 Jooer zesummen ass. Di zwee, d'Jeana an den Jesse, spillen sech geijensäiteg Streichen, mol kleng an harmlos, mee awer och heiansdo total iwwerdriwwen an "geféierlech", ganz noom Motto vun der Serie aus eiser Kandheet "Typisch Andy!". Mat verstoppter Kamera filmen se dann d'Reaktioun vun deem aaneren, an setzen daat ganzt, egal wei peinlech et ass, op YouTube. Hei e Beispill:
An relativ regelméissegen Oofstänn posten se e neie Video, an normalerweis ass et emmer oofwiesselend. An deem Video no deem doten spillt hat him dann eng Sauerei, duerno heen him rem, an sou weider...
Enplus hun dei 2 och nach e Vlog-Channel op deem sie all Daag e klengen Daagesresumé posten. Klengt spontan fuerchtbar langweileg, mee sie sin e perfekt Beispill dofier dass een mat YouTube richteg Kohle maache kann, well ierjendwei sin sie baal all Daag an ierjendenger Vakanz, an schwetzen nie eppes vun enger Aarbescht. Nach dobäi hun sie 2 wierklech witzeg Kaatzen dei ab und zu och den Highlight vum Vlog sin ;) Hei kennt der se abbonéieren:
Ajo: am Laaf vun der Zeit entweckelen sech emmer mei Insider-Jokes, wat een richteg motiveiert all Daag ze kucken. Ech perseinlech fannen de "Cookie-Dance" eng genial Idee; se besteht doran dass een emmer danzen muss wann een e wierklech gäile Cookie ësst!

(daat ass scho baal een vun der mei extremer Sorte :P)

Haapt-Channel: http://www.youtube.com/user/PrankvsPrank
Vlog-Channel: http://www.youtube.com/user/BFvsGF
Ajo: am Laaf vun der Zeit entweckelen sech emmer mei Insider-Jokes, wat een richteg motiveiert all Daag ze kucken. Ech perseinlech fannen de "Cookie-Dance" eng genial Idee; se besteht doran dass een emmer danzen muss wann een e wierklech gäile Cookie ësst!
bis dohin,
stay tuned.
Freitag, 31. Mai 2013
Retro-Video!
Och op dësem Freiden gëtt et rem e Video; haut hun ech ganz déiff an d'Nostalgie-Këscht gegraff! Ech erënnere mech nach drun wéi wann et gëschter war wou ech dës Reklamm déi éischte Kéier um Fernseh gesin hun, an kuerz drop mein alleréischte Game Boy kritt hun! Daat waren nach Zeiten, hach! Ganz stolz kann ech behaapten dass ech en suguer nach hun an en eenejermoosen gudd an Takt ass! Sou gudd wei en 5 Jähregen halt op seng Saachen oppasst :p
Mein war iwwregens Rout, waat bis haut meng Lieblingsfaarw ass :p Wei geseit et bei ierch aus?
bis dohin,
stay tuned.
Mein war iwwregens Rout, waat bis haut meng Lieblingsfaarw ass :p Wei geseit et bei ierch aus?
bis dohin,
stay tuned.
Donnerstag, 30. Mai 2013
Gratis-App: Marvel Unlimited
Gëschter Owend hun ech d'Entdeckung vun der Woch gemaach: eng gratis App, mat fantasteschem Inhalt; se dréit de Numm "Marvel Unlimited". Wéi ee vläit um Enthousiasmus zu der Zeechentrick-Serie an der S.H.I.E.L.D.-Serie gemierkt huet sin ech en zimmlech grousse Marvel-Fan an woaden lo schon op de nächste Kinosfilm vun hinnen, dee warscheinlech Thor 2 oder Captain America 2 wert sin. Fier mer d'Waardezeit ze verséissen, an e bësse méi iwwert dei eenzel Superhelden gewuer ze gin, eegent sech dës App perfekt! Direkt noom opmaachen fënnt een en iwwersiichtleche Menü, wou een dës Woch vum Iron Man héchstperseinlech an Empfang geholl gëtt.
Marvel huet dës App och fierun e Puer Deeg op Android released, ergo der musst net traureg sin wann der keen iPhone hudd! :) Natierlech kann een sech all Comic och einfach fier 2-3 Euro kaafen, an sou ëmmer Up-to-Date sin waat dem Lieblingsheld da grad alles geschitt. Ech hun, nëmmen als Test "Iron Man" an d'Suche agin, an promt huet hee mer all Comic gewissen andeem den Iron Man jeemols dran vierkomm ass! Eleng dës Sich huet mer iwwer 1000 Treffer gin, et ass also zimmlech komplett! Definitiv derwert sëch dei App eemol unzekucken wann ee Fan vun de Filmer/de Comics ass!
stay tuned.
(klick drop fier et vill mi grouss ze maan)
Uewe lénks gesidd der dee Button mat der Opschrëft "Try it free". Daat Coolt un dësem Button ass dass een doduerch net eng begrenzt Zeit alles gratis kritt, stattdessen huet een all Woch eng Auswiel u Comics dei ee gratis liesen/kucke kann. Dës Woch gëtt et zum Beispill "Venom" gratis. Wann een sech en Account mëcht kann een seng Favoriten späicheren, an et kann een sech e Puer Comics an den Offline-Modus setzen, sou dass een se iwwerall liese kann wou ee grad Loscht huet. Vu dass ech dës Woch 3 Stonnen Zuch fuere muss, arrangéiert mech daat zimmlech gudd! D'Qualitéit vun de Comics ass och immens gudd, an ech ka mer vierstellen dass daat Ganzt op engem iPad nach e gudd Stéck mei cool ass!
stay tuned.
Mittwoch, 29. Mai 2013
Serien-Tipp: Modern Family
Hach, déi Serien, waat si mer frou domat! Egal ob se spannend oder witzeg sin, ob se eis bei Laun haalen oder einfach nëmmen en Zeitverdreiw sin, oder ob se eis vum Schaffen oofhaalen; jiddereen huet säi Favorit, wann net suguer eng ganz Hand voll! Oofgesin vun de Serien déi och op der däitscher Tele laafen kennt een der eigentlech awer net souvill, do muss een dann e bëssen rechercheieren bis een eng gudd nei fënnt; abee, daat erspueren ech ierch haut, an zielen iwwer "Modern Family"!
Dës Serie huet am Jooer 2009 hieren Début gefeiert an behandelt genee daat waat den Titel versprëcht, nämlech eng normal modern Famill. Ënner modern soll een dobei verstooen dass iwwer Scheedung, Schwulen bis hin zu engem Neibestiednis alles dra vier kënnt. Se handelt vun enger grousser Famill, däer hiere Käer d'Famill "Dunphy" ass. Sie hun 3 Kanner, 2 Meedecher an 1 Jong, an de Grousspapp ass gescheed an huet sech eng mi jonk, flott Fraa gesicht, enplus sin d'Onkels schwul! "Waat der Däiwel soll lo do groussarteg gescheien?" Gudd Froo!
Ansëch weist d'Sendung näicht aanescht wei den Alldaag vun dëser amerikanescher Famill. Bei alldeeglechen Aktivitéiten a Gespréicher gin d'Personnagen mat der Kamera begleet, an gin gnadenlos bei all Peinlechkeet gefilmt. Daat Ganzt ass dobei gefilmt wei di däitsch Serie "Stromberg", wëll also heeschen dass d'Leit an der Sendung mat der Kamera interageieren, well eben e Kamerateam an hierem Haus ass; sou kënnt et dann e mol vier dass een eng komme léisst an sech dann hektesch emdréint fier ze kucken ob d'Kamera et net matkritt huet.
D'Sendung stëcht vu vier bis hannen voll mat klenge Witzer an Wuertspiller, mee och ouni e grousst Sproochegenie ze sin kritt een dei Haaptlaacher mat. Daat flott ass dass d'Witzer net opgesaat sin, mee dass een sech, seng eeje Famill, oder déi vun engem Kolleg an de Sprëch an Aktiounen rëmerkennt an dann driwwer laache muss. Net selten haat ech schon mat mengen Elteren eng Szene um Iessensdësch wou mer beemol gemierkt hun dass een sech wei an der Serie behëllt. En aanere Pluspunkt fier d'Serie ass dass et net schlëmm ass wann een eng Folg verpasst, meeschtens erzielt eng Folg eng Geschicht an daat bréngt de weidere Vierdeel mat sëch dass een, wann engem langweileg ass, einfach sou ierjendeng Folg kucke kann.
Momentan gin et 5 Staffelen, wubäi ech fannen dass d'Heefegkeet vun Laachufäll an Witzer sëch vu Staffel zu Staffel steigeren; gidd der Serie also 2-3 Episoden Zeit bis der se "opgidd", am Ufank kritt een nach vill zu den eenzelne Personnagen gezielt, sou dass daat ganzt mei real wierkt. Speidsdens no 5-6 Folgen huet een dann och schon säi Liebling fonnt. A mengem Fall ass daat de Papp vun der Famill, de Phil, zesummen mat sengem "talentéierte" Bouff dem Luke. Ech kann "Modern Family" jidderengem empfehlen deen eng witzeg Sendung sicht, dei net ze iwwerdriwwen ass, an bei der keen Laachen agespillt gëtt!
bis dohin,
stay tuned.
Ansëch weist d'Sendung näicht aanescht wei den Alldaag vun dëser amerikanescher Famill. Bei alldeeglechen Aktivitéiten a Gespréicher gin d'Personnagen mat der Kamera begleet, an gin gnadenlos bei all Peinlechkeet gefilmt. Daat Ganzt ass dobei gefilmt wei di däitsch Serie "Stromberg", wëll also heeschen dass d'Leit an der Sendung mat der Kamera interageieren, well eben e Kamerateam an hierem Haus ass; sou kënnt et dann e mol vier dass een eng komme léisst an sech dann hektesch emdréint fier ze kucken ob d'Kamera et net matkritt huet.
D'Sendung stëcht vu vier bis hannen voll mat klenge Witzer an Wuertspiller, mee och ouni e grousst Sproochegenie ze sin kritt een dei Haaptlaacher mat. Daat flott ass dass d'Witzer net opgesaat sin, mee dass een sech, seng eeje Famill, oder déi vun engem Kolleg an de Sprëch an Aktiounen rëmerkennt an dann driwwer laache muss. Net selten haat ech schon mat mengen Elteren eng Szene um Iessensdësch wou mer beemol gemierkt hun dass een sech wei an der Serie behëllt. En aanere Pluspunkt fier d'Serie ass dass et net schlëmm ass wann een eng Folg verpasst, meeschtens erzielt eng Folg eng Geschicht an daat bréngt de weidere Vierdeel mat sëch dass een, wann engem langweileg ass, einfach sou ierjendeng Folg kucke kann.
bis dohin,
stay tuned.
Abonnieren
Posts (Atom)