Donnerstag, 4. April 2013

Diplom! A waat lo?


Hei dann mol eppes waat all Jooer em des Zeit rem aktuell gëtt: Waat maachen ech no der Première? Vill Leit schwanken emmer nach tëscht den eenzelnen Branchen dei een studeiere kann, aanerer sin sech felsenfest secher wou et hi geet. Mee Ass och alles genee sou wei een sech et Vierstellt? D'Roxanne huet sech d'Méi gemaach an dei ganz Thematik bëssen behandelt, an domat den eischten serieux'en Post op mengem Blog seit laangem geschaaf ;) Enjoy!

De Lycée, eng wonnerschein Zeit fier verschiddener, eng schrecklech fier Aanerer. Lo wou d'Examen fierun der Dier stin fier eis Primaner, stellen di meescht sech di grouss Fro :

What's next? 

Geet et ob d'Uni, ob d'Schaff oder mecht een einfach e Gap Year?
Ech mengen ech kann aus Erfahrung schwetzen dass daat eng vun deenen schweiersten Decisiounen wuar déi ech treffen misst. An dësem Artikel werd ech mech och méi ob d'Uni konzentreieren fier einfach mol di ganz Komplexiteit beschreiwen ze kennen.
An weieng Staat geet een?
Waat bitt mer deen beschten Studium?
Weieng Staat gefällt mer am meeschten?
Mee och: Wou sin dann all meng Koleegen?

Dann huet een bis eng Staat fonnt, an dann? Waat studeiert een dann? Ech gönnen et deenen dei direkt woussten waat se wëllen studeieren, mee ech geiff soen datt et fier di meescht vun eis net wierklech de Fall wuar oder wert sin. Weivill Schüler hun dann schon d'Filière oder Staat gewiesselt, oder suguer ganz opgehaalen? U waat leit daat? Si mer am Lyçée net genuch informeiert oder vierbereet gin?
Mein ganzt eischt Uni's-jooër besteet nëmmen aus Froen op dei ech net wierklech äntferen kann. Dann mengt een et hett een endlech de perfekten Studium fonnt an et wees een waat een speider als Beruf well, an no e puer Wochen oder Meint mierkt een datt et net wierklech daat ass waat een sech fiergestallt huet. D'Kueren sin schrecklech langweileg, oder vill ze schweier an dann fenkt een un rem alles a Fro ze stellen. Dann fenkt rem alles vun fier un. Lo froen ech mech ob mer zevill verwinnt sin, well mer amfong alles studeieren kennen, an datt een, sou wi e klengt kand an engem Kamellen-Rayon, net wees waat een huelen soll.


An wee seet datt wann mer bis fonnt hun waat mer studeieren wellen, dass et eis do gudd geet? Di meescht vun eis sin an enger friemer Staat, kennen natierlech net souvill Leit wi an eisem scheinen Land, kreien eis vileicht bei deenen vun der Uni net sou gudd integreiert, weinst der Sprooch oder well mer ze schei sin. D'Elteren sin nemmei permanent do fier eis fierun Dommheeten ze schützen, an et mierkt een séier dass all dei Responsabiliteiten een iwwerrumpelen kënnen. Bis dohin selbstverständlech Saachen wei zB Rechnungen bezuelen etc gin net mei vum selwen.. Alles daat brauch Zeit bis een de Rythmus raus huet.

Wei oft hun ech heieren : d'Unis-zeit ass di scheinsten am Lierwen! Geneiss se!
Leif SvensPOV-followers, mat ganzem Herzen soen ech aerch, maacht aerch am Ufank net zevill Hoffnungen, Uni ass net sou ewei an de Filmer. Hei, am richtege Liewen, ass et net wei am American Pie. Du mengs du keins all Owend Party maan bis et nemmei geet? Ha! Nee, muer hues du um 8 Auer Moies Cours, Schade. Du mengs du geiffs souvill Leit kennenleieren an d'Fraa oder de Mann fier d'Lierwen fannen ?
Net sou einfach. Ech, wou amfong en zimlech openen Mensch sin an mat jidderengem gaeren schwetzen, hun baal e ganzt Joer gebraucht fier lauter nei Leit kennenzeleieren.
Ech sin och frou datt mein Unilierwen lo reicht ufenkt sou ze gin wei ech mer et fiergestallt hun.
Ech well heimadder guer keen démotiveieren, mee just fierwarnen. Et ass eeben net alles sou rosa wi een mengt. Et brauch een seng Zeit. Iwerleet nach eng Kéier ob et wierklech de richtegen Studium ass an gidd net einfach eppes studeieren well et daat eenzegt ass waat aerch afällt oder well et anscheinend einfach ass. Neicht ass einfach. Verschidde Branchen si vleit mei "einfach" wei aanerer, mee daat hängt vum Betruechter oof. Wei oft hun ech gesin datt Leit mat Sproochen oder Wessenschaft ugefaangen hun an dono awer hierem Hobby nogaangen sin an daat maan waat se wierklech vun Ufanks un wollten maan, mee sech net getraut hun. An dann huet een schon oft e ganzt Joer verluer.


Loost nemmen net faalen waat der am beschten kennt, och wann et "just" Molen, Sport oder Musik ass. Wann een eppes motiveiert an gudd mecht ass et net mei schweier eng Aarbecht ze fannen wei fier een deen lo fier Proff studeiert huet an awer keng Loscht drob huet. Den Aarbeschstmarché ass mei vill mei grouss wei ee mengt, a wann een net grad Mieresbiologie studeiert, dann misst et engem mat engem Uni-Diplom net schweier faalen speider hei am Land e Beruf ze fannen deen engem Spass mëcht. An loost aerch vun kengem iergendeppes arieden wou selwer net an aerem Fall wuar. 

Schein Gréiss aus Stroosbuerg,

Roxanne Peguet.





Mittwoch, 3. April 2013

POV-"App", and your time to shine!


Moien a gudden Owend,
ech haalen ierch um Laafenden an brengen e puer Klengegkeeten fier de Mëtten. Dorënner faalen enner aanerem d'SvensPOV "App", Guest Appearances, an Regelméisseg Posts vun Kollegen... a lass!

-"App"
Ech haat mech d'lescht Jooer eng Keier domat beschäftegt eng richteg App ze bastelen fier mei Blog, sou dass daat ganzt mei handlech an einfach op engem Smartphone ze bedingen ass. An sech war meng App ganz banal, mee se huet gudd ausgesin an ass relativ zifriddestellend gaangen. Leider hun ech do rausfonnt dass een 99 Euro muss bezuelen fier Apps an den Appstore vun Apple setzen ze dierfen, also hun ech daat rem séier si gelooss. Lo gëtt mer hei um Blog awer d'Meijlechgeet gebueden eng einfach mobile Versioun ze gestalten, an sou kann een sech quasi eng "Pseudo-App" bastelen... wei? Ganz einfach:

Et geet een op www.svenspov.blogspot.com, wouduerch een normalerweis direkt op d'Mobile versioun kennt. Dann dreckt een op daat Zeechen ennen an der Mett, an do wielt een dann daat mëttelst Symbol. Fertig :)

Leider ass et op dei Art a Weis net meijlech daat Symbol als App ze kreien waat ech hun. Fier daat ze kreien muss een bis ganz eroof scrollen an op "Web-Vesion anzeigen" drécken. Duerno musst der un d'Aa vun mengem Logo ruzoomen, an dann eréicht dee Button ennen an der Mëtt drécken. Dann geseit een um mëttelste Bild wei d'App wert ausgesin. Widderhuelt daat einfach soulaang bis et ierch gefällt, et voilà, do ass d'App :)


-Gueste Appearances
Dëst ass en Opruff un jiddereen deen liesen a schreiwen kann! Wanns du Loscht hues dei Päfferkäer zu eppes beizeleen, dann kanns du mer daat schécken an ech veröffentlechen daat dann hei um Blog. Daat kann grad su gudd eng Reklamm fier de Concert vun denger Band sin, oder einfach deng Meenung zu engem Film, enger Noochricht, engem Concert, engem Buch etc. sin. Et wier cool wann een regelméisseg aaner Leit hei ze liese kritt !

-Regelméisseg Posts vu Kollegen
Amfong ass daat heiten genee daat nemlejt wei daat driwwer, just dass et sech heibei em festgesaate Leit handelt, vun deenen Regelmeisseg (am Moment geseit et no 1-2 mol am Mount aus) eppes ze liesen oder ze kucken kennt! (Trei Fans werten sech zB um "Luca's Corner" erënneren) Wanns du och Loscht hues mei regelmeisseg eppes ze schreiwen, dann kanns du dech ganz einfach bei mer mellen. Eenzej Vieraussetzung: Wann ech den Text net gudd fannen, posten ech en net, mee ech si relativ tolerant, wann ee bedenkt waat ech selwer och schon fier e Blödsinn geschriwwen hun :D

bis dohin...
stay tuned!




Dienstag, 2. April 2013

Movies: The place beyond the pines


The place beyond the pines - by Derek Cianfrance

Infosite mat Traileren an Biller

The "place beyond the pines" ass e Film mat ganz villen Facetten. Waat ee mei laang iwwert de Film noodenkt, waat engem emmer rem nei Saachen afaalen dei een aus deem Film matgeholl huet. Ech sooen scho mol am Vieraus dass mer de Film perseinlech immens gudd gefall huet, fierwaat steet dann lo an deenen 5 folgenden Abschnitter!

De Film fänkt, genee wei den Trailer, mat Circusbiller vum "Handsome Luke", gespillt vum Ryan Gosling, un an erkläert relativ séier an präzis d'Hannergeschicht dei hannert dësem Personnage stëcht. Sou gett een dann och zimmlech am Ufank gewuer dass heen e Bouff huet, vun deem heen bis dato awer nach neicht wosst. Doropshin entscheed heen sech seng Motorrad-Circus-Karriere opzegin, an wëllen fier sei Kand opzekommen. Wéi en daat mecht? Heen iwwerfällt mat Hëllef vun engem Kolleg Banken an deenen klengen Vieruerter, an schenkt en Deel vun de Suuen sengem Kand, beziehungweis der Mamm vum Kand.


Vu dass de Luke nach nie eng Bank iwwerfall huet, ass heen natierlech dobei zimmlech nervös, an hektech wann et drëm geet sech aus dem Stëbs ze maachen. A genee daat ass de Produzenten vum Film extrem gudd gelongen fier et riwwerzebrengen! Heibei gouff neemlech ganz vill mat freier Kamera geschafft, wëll heeschen dass d'Bild relativ wacklech an hektech ass, an daat fier net grad eng kuerz Zeitchen. Dei intensiv an realistech Verfolgungsjuegden rappen ee richteg mat, et fillt een quasi wei chaotesch sou eng Aktioun ass. (Falls lo een Loscht op sou e Genre Film kritt huet, deem kann ech "Cloverfield" nemmen wärmstens empfehlen!)

Ongefeier an der halschent kritt de Film en interessanten Twist, an et fänkt quasi eng nei Geschicht un, dei awer mat onzählechen Schnoueren mat der aanerer verbonnen ass, an doduerch en speziellen Laaf hëllt! Zumools an dësem Deel vum Film mierkt een dass all Aktioun dei e Mensch mecht, fréiher oder speider eng Roll wert spillen, waat menger Meenung no och de Message ass deen de Film vermëttele wëll. Vill mei kann ech net op de Film selwer agooen, well soss spoileren ech zevill.

Am Nachhinein ass mer opgefall dass an sech relativ weineg am Film geschwaat gëtt, am Verglach zu aaneren Filmer. Villes erkläert sech duerch prägend Biller oder duerch gudd agesaaten Mimik, an daat waat geschwaat gëtt, dréckt och mol eng Keier richteg vill aus. (Net wei een daat gewinnt ass aus aanere Filmer wou sënnlos ierjendwelch hallewschlau Sprëch an de Raum geworf gin). Donierft gëtt zumools an deenen dramateschen Szenen, menger Meenung no, ganz speziell an gudd ausgewielten Musik agesaat, dei daat ganzt harmonesch ennermolt.


Zesummefaassend haalen ech fest: "The place beyond the pines" ass en immens gelongenen Film deen net fierdrun zreckschreckt d'Realiteit ze weisen, an domat kriddelegen Themen wei d'Korruptheet an der Polizei, an den Drogenhandel unzeschwetzen. A wei scho gesoot weist en immens gudd wei verschidden Aktiounen, egal op grouss oder kleng, mei oder manner grouss Auswierkungen op de Présent an op d'Zukunft kënnen hun. Mer perseinlech war de Film mat enger Längt vun 140 Minuten en Tick ze laang, gleichzeiteg wéisst ech awer net wou genee een hätt kennen bëssen Zeit spueren, sou dass ech dem Film eng ganz gudd Wertung vun 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala gin.

Fier den Oofschloss nach en coolt Zitat aus dem Film:

"If you're gonna roll like lightning, you're gonna crash like thunder."




Abrëll, Abrëll...


...oder dach net?!
Tja, do hun ech mech wuel selwer mat mengem eejenen Abrëllsgeck kritt! Fier déi, déi et net matkritt hun, folgendes war mein Facebook-Status Update:


Ech haat schon länger Zeit mat deem Gedanken gespillt mei Blog rem ze aktivéieren, ierjendwei ass d'Loscht lues awer secher rem aus sengem Lach gekroch komm. Do hun ech mer geduet dass ech einfach mol en Abrëllsgeck driwwer maachen; falls et dann neicht gëtt war et just e Geck, a wann dach dann ass et einfach BÄM! et war kee Geck!

BÄM!

Wou zimmlech seier zimmlech vill Likes opgetaucht sin, an ech daat Gefill net lassgi sin dass déi Leit déi geliked hun et fier serieux haalen, ass meng Motivatioun schlagarteg geklommen (mee vleit war daat och einfach nëmmen mein Ennerbewosstsin daat mer emmer an emmer rem gesoot huet "du solls dei Blog rem aktiveieren"). Doropshin huet eng Saach zu der aanerer gefouert, an lo si mer hei, beim eischten Post seit dem éischten September 2011, ganzer 18 Meint (an een Daag) mi spéit!

Ech war  och schon e bëssen fleisseg an hun dei eng oder aaner Saach geännert, och wann et bis lo zimmlech onbemierkbar ass. Enner aanerem gesidd der lo am Hannergrond sou Schwaarz Faarwsprutzer; als Dexter Fan hun ech mer geduet dass daat zimmlech gudd heihinner passt, an besser wei ganz normal langweilegt Wäiss ass et souwisou. Eng aaner "gréisser" Ännerung ass dass dëse Blog ab Sofort eng Mobil Versioun huet! Aww yeah der hudd richteg gelies. Wanns du mam iPhone oder soss engem Smartphone des URL agess, dann geseiste de Blog an enger vereinfachter Versioun, déi méi séier gelueden ass, an mei Touchscreen-frëndlech ass, ech wert awer nach e Post rausbrengen deen daat, an wei een sech eng Sven's POV App maache kann, am Detail erläert!

Fier de Recht bleiwt net mei vill ze sooen... ech hun déi ganz Struktur vum Blog (Timing, Regelméissegkeet, Inhalt) nei duerchgeplangt, an erhoffe mer doduerch dass ech et endlech rem sou laang a gudd hikreien wei ganz am Ufank!  Méi zu den Ännerungen vun de jeweilegen Rubriken kënnt beim eischten neien Post vun der jeweileger Rubrik! Lo bleiwt nëmmen nach eng Saach: Ech hun d'Facebook FanPage bëssen aktualiseiert, an ech hun lo en fancy Link: 


Packe mer et op 100 Likes ze kommen? Daat wier zimmlech cool :D


stay tuned ( aww man, ech muss mer onbedingt eng besser Oofschloss-Catchphrase afaalen loossen!)
PS: Eng Movie Review kënnt da wuel och deemnächst rëm :)




Donnerstag, 1. September 2011

And the winner is...

Sou, de Gewënner steet fest, mee ier mer dozou kommen als eischt nach d'Erklärung wei ech daat ermëttelt hun... an zwar op dei spontan einfachsten Art a Weis... en Delphi Programm dee mer eng Zuel tëscht 1 an 6 gesoot huet, well eben nemme 6 Leit sech gemellt hun ;)

Hei d'Lëscht:

1. Luca
2. Sam
3. Tim
4. Gianni
5. Fränk
6. Paul

an den Delphi huet mer d'Nummer... * trommerwirbel* 4 gewissen, ergo:
Congratulation Gianni, you won the Transformers Collecters Edition!

Den Nowend gëtt et dann eng nei Movie Review, an zwar vum wuel speziellsten Film dee momentan am Kino leeft! Stay tuned!