Freitag, 26. August 2011

Movies: Cowboys & Aliens

Cowboys & Aliens  - by Jon Favreau

Infosite mat Traileren an Biller

De Film mam wuel coolsten Titel vum Jooer 2011 ass haut am Cinebelval ugelaaf, Cowboys and Aliens! Eleng den Titel leisst schon eenorm Phantasien opkommen vun eepeschen Schlachten, villen Laseren, creepy Kreaturen an coolen Western Cowboys dei ganz lässeg eng Zigarette fëmmen an nierwebei puer Aliens oofschlachten.

De Film ass net graaad sou wei een sech daat beim eischte Gedanke vierstellt, mee trotzdem hun ech en ganz nice fonnt. D'Story ass, wei een am Trailer geseit, dorop opgebaut dass een vun de Cowboys eng Alienwaff besetzt, an et doduerch mat hinnen ophuele kann. Am Laaf vun der Geschicht erliewt een emmer neess kleng Flashbacks dei daat ganzt bessen mei verständlech gestalten.

Ech kann amfong net ganz vill zur Geschicht zielen, well alles mei ass Spoiler, dofier kommen ech des Keier direkt bei den Deel wou ech erkläeren fierwaat mer de Film gefällt! Et ass einfach sou dass an dësem Film de Mix tëscht "booaah komplett onrealistesch" an "hm also besse mei Effekter geiffen net schueden" zimmlech gudd Getraff gin ass. Natierlech stëcht een Tonnen Effekter an e Film deen am Titel "Aliens" huet, mee ech fannen dass een daat och op eng diskret Art a Weis maache kann. Sou sin dës Keier d'Raumschëffer net mat onzählegen Gadgets ausgestatt, an gesin och net "op Hochglanz poleiert" aus, mee dofier sin dei Ausserierdech Kreaturen zimmlech gudd gelongen; grouss, ekleg, schleimech an bessen scary, genee wei sech daat fier en Alien geheiert.

Daat, zesummen mat dem bodenständegen Western-Feeling, gëtt dem Film e gudden Equiliber, an erfëllt d'Erwaardungen an enger spezieller Art a Weis. Daat waat am eischten Abschnitt beschriwwen gëtt geschitt neemlech net, an et gëtt sech en haarden Kampf geliwwert, deen wierklech e Gudden Spannungsbou iwwert de ganze Film brengt. Emmer rem kleng Schlachten bis hin zur grousser Endschlacht, zimmlech cool daat ganzt!


Oofschleissend dann lo d'Bewertung. Op menger Ulmerich-Skala geiff ech dem Film eng gudd 6.5/10 gin. Et ass halt keen Film iwwert deen nach an 10 Jooer geschwaat gëtt, mee en mecht richteg Spass beim kucken, an de Western Feeling (zB duerch eepesch Kameraastellungen a Musik) brengt et einfach. Ween Cowboys, Aliens, oder Cowboys AN Aliens gäer huet, soll deen op alle Fall kucke gooen!

PS: D'Gewannspill leeft nach emmer an bis lo stinn d'Chancen ze gewannen nach fier jiddereen zimmlech grouss!



Donnerstag, 25. August 2011

Luca's Corner: Meteowarnungen - Eecht huelen oder net?

De Luca ass rem do, an huet sech un en aktuellt Thema an Ereignis gesaat, an eis rem en intressanten an informativen Text gezaubert, post an d'Comments äer Meenung zum Thema ;)


Meteowarnungen - Eecht huelen oder net?


Während deenen leschten Deeg huet et europaweit zimlech oft hefteg gebletzt, gedonnert an gereent. Letzebuerg gouf greisstendeels vun deem Schlemmsten verschount. Am Contraire gouf d'Belsch kneppeldeck getraff. Innerhalb vun 4 Deeg vill Iwerschwemmungen, ofgedeckten Diecher an en ausgebrannten Dach vun enger Schoul. Natierlech vergiessen ech d'Naturkatastrophe vum Pukkelpop Festival net, well ech genau op dat Evenement well ze schwetzen kommen.

Desen Disaster huet haaptsechlech an der Belsch vill Froen opgeworf: Hett et keinnten verhennert gin? War deen kräftegen Stuerm virraussobar? Wei konnt et lokal sou hefteg ausfaalen?
Obwuel den belschen Meteodingscht (IRM) eng orange Warnung (2t-hechsten Stuf) fir den Osten an den Zentrum vum Land eraus gin haat, huet awer lo keen vun den Organisateuren iegendwelch Moßnahmen geholl an sie haaten vun Ufank un keng Hellef vun den Meteorologen gefrot! Konsequenz: den Festival huet pünktlech gestart an dat enormt Donnerwieder wou opgezunn as, huet immens vill verwüst an vill Opfer gefuedert (4 Doudeger an iwert 100 Verletzter)!




Weiderhin war et net dat eischt an och net dat lescht Szenario dat durch en Stuerm provozeiert gin as. Virum Hasselt-Disaster as eppes identesches an den USA (Indianapolis) geschitt wou och eng Bühn emgefall as an 7 Doudeger gefuedert huet. Virun kuerzem as och während enger Popstpriedegt an Spuenien um Weltjugendtag en Liichtmast durch eng Sturmböe emgefall: 7 Verletzter.
Wat well ech ierch elo heimadder soen? Wat mer an den leschten Meint opgefall as, dass immens vill Leit d'Warnungen vun den Wiederservicer iwerhaapt net eecht huelen oder carrément ignoreiren!
Och wann eisen letzebuergeschen Meteoservice oft mat hieren Donnerwiederwarnungen zimlech derniewt leien (wat op dei net immens performant Meteomodeller zereck ze feiren as), as et awer vun enormem Virdeel sech weinstens iwert aktuell Warnungen ze informeiren wann een op grouss Massenveranstaltungen geet oder (sportlech) Aktiviteiten am Freien virhuet.

Wei soll een lo bei enger Warnung virgoen?

Giel bis orange Warnung: Stellt ärch en Noutfallplang op fir Schutz ze fannen, wann en extremt Wiederphänomen sollt optrieden. Haal är Aen an Ouren op fir eventuell meteorologesch Gefohren.

Roud Warnung (immens selten): Mat allen Aktiviteiten dobaussen ophaalen, an ob weider Informatiounen vum nationalen Wiederdingscht warden.
Wou kennt der ierch iwert dei aktuell Gefohren informeiren?
www.meteoalarm.eu
www.meteo.public.lu/spip.php

Ech hoffen fir mein Deel, dass ech ierch dat Thema bessen mei no bruecht hun, an dass ech ierch mei opgeklärt hun. Et gett an eiser Gesellschaft net wieklech echt geholl, an dodurch gin awer heiansdo mutwelleg Opfer gefuerdert.


Sos wenschen ech ierch nach en scheinen Rescht vun der Vakanz an schecken ierch dei bescht Greiss vun der belscher Côte! =)

P.s.: Op menger Facebookseit vun mengem Projet "LuxStormChasers" gidd dir natierlech och iwert dei aktuell Warnungen informeiert! ;-)


Ulmi P.S: Vergiesst net beim Gewannspill mat ze maachen ;) Klick mech



Mittwoch, 24. August 2011

It's your time to win!

Hei lo wei versprach d'Verlousung vu mengem Gewënn bei der Caramba Competition. Merci nach eng Keier dass ech duerch äer Hëllef innerhalb vun 3 Deeg dei eischt Plaatz ergattert hun, an daat obwuel de Concours schon 3 Wochen umgaange war ;) Schlussendlech hun ech dann mat 68 Likes gewonnen.

Sou, ech haat io gesoot dass ech mei Gewënn ennert allen Leit verlousen dei matliken, an normalerweis geiff ech daat lo och prompt maan, mee de Problem fierwaat ech daat net maache kann ass de Gewënn selwer. Et ass eng Tranformers Movie Collection, op Blu-Ray. Ech weess dass net all Mensch e Blu-Ray Player huet, ech zum Beispill och net, an dofier hun ech mer iwwerluet dass et sou leeft:

Wanns du e Blu-Ray Player hues an d'Transformers Movie Collection wëlls, post e Kommentar ennert dëse Blogpost. (Anonym gëllt btw net, an fier dei wou einfach sou e Kommentar welle maan: schreiwt einfach dran dasster net mat maache wellt)

An Zukunft (et komme bestemmt na mei Competitions), wann mer rem gewannen, verlousen ech et dann awer rem ennert allen, sou dass et fair bleiwt. Hei nach eng Foto vun deem ganzen, an den Amazon Link.


Daat mat de Kommentarer geet bis den 31ten August.





Montag, 22. August 2011

Movies: Rise of the Planet of the Apes

Rise of the Planet of the Apes - by Rupert Wyatt

Infosite mat Traileren an Biller

Fierun enger Woch war ech mer dësen Film ukucken, an ech war besse faul dofier weess ech net mei genee alles waat ech sooe wollt, mee de Gros misst nach do sin :P

Aaaaalso, wei ee vleit um Titel mierkt, handelt dësen Deel nach VIERUN aal deenen Aaneren dei mer bis lo gesin hun. Dass amfong besse schued dass grad dësen Deel an der neier zeit gefilmt gouff, well dei aaner Deeler bestëmmt geiffen extrem beis ausgesin mat all deenen neien Effekter dei mer sou besetzen an der Tëschenzeit. An genee do leit och den eischten Punkt deen ee bemierkt wann een de Film kucken geet:

D'Effekter an d'3D Animeiert Charakteren sin einfach genial. D'Emotiounen an d'Bewegungen, genee sou wei d'Detailler vun den Aafen sin de Wahnsinn, et keint ee baal gleewen dass Aafen wierklech dozou fäheg sin daat ze maan waat se am Film maan. okay, dee Saatz klengt mega domm, mee daat ass fier net ze Spoileren, wubei ech denken dass ech daat dës Keier roueg maache kann, well jiddereen normalerweis weess em waat et bei "Planet der Affen" geht, an suguer wann net, kann een sech et um Titel denken.

Ech perseinlech geiff de Film an 2 ennerschiddlech Deeler andeelen:

Dei eischt 75% vum Film si wierklech mega gudd, an d'Geschicht gëtt flott gezielt. Et gëtt vun deem Wonnermedikament bericht, an et erliewt een wei den Aaf no an no emmer mei gescheit gëtt an logesch denke leiert. Gleichzeiteg kann een verfollëgen waat daat Medikament u Menschen ausleisst. Zimmlech seier leiert den Aaf awer och dei negativ Gefiller vum Mensch kennen, an hëllt se a sein Charakter op, wourop hin heen allen aaneren Aafen dei selwescht Intelligenz ermeijlecht.


Dei reschtlech 25% vum Film sin dann typesch Hollywood-Szenen. Eng gewalteg Schlacht mat tonnen Explosiounen an Geballers, wou herno wei emmer een Held iwwerliewt. mee bon, daat weeess een amfong schon wann een de Film kucken geet. Enplus muss ech sooen dass d'Waffen an d'Gefierter an alles rondrem mol eng Keier net iwwerdriwwen sin, mee einfach normal, wei se och vleit hei am Land präsent sin. Duerch d'Aafen gëtt daat ganzt awer nach mei fancy an et ass emmer nach e coolen Schluss vum Film.

Ech geiff dem Film op der berühmter  "Ulmerich-Skala" eng 7.2/10 gin, woumat ech wäit ennert den 8/10 vun der imdb leien, mee bon, SOU eenorm war de Film net, fier em 8 Punkten ze gin. Trotzdem ass de Film bedenkenlos empfehlenswert, fierun allem well een 0 Vierkenntnis brauch!



Samstag, 13. August 2011

R.I.P: Mrs. Sausages English Pub

De Schock vum Owend!

Och wann mer lo an leschter Zeit net mei oft do waren, an och wann heen a leschter Zeit bessen koomesch gin ass mat all senge Regelen, sou däerfe mer net vergiessen weivill cool an witzeg Momenter mier bei him a sengem English Pub haaten. Ech perseinlech hun et emmer ganz cool bei him fonnt, an hu mech och ganz gudd verdrooen. Schon zimmlech cool mat "Hello Sven" begreisst ze gin! Mer hun do zesummen d'Fussball WM 2010 gekuckt, mer hun zesummen Tonnen vun Gebuertsdeeg a Klassefriessen gefeiert, mer hun do einfach souvill Blödsinn gelabert, an daat alles accompagneiert vun de bëllegsten Präisser a ganz Esch. All Respekt fier de Mann deen e Café fier Studenten gefouert huet, an ständeg op Facebook iwwert alles Bericht huet. Ech erenneren mech nach dorun dass heen seit EIWEGKEETEN daat selwescht Profilbild haat, an et eng Keier gewiesselt huet, mat enger Foto dei ECh gemaach hun, daat war "deemols" en richtegt Erfolgserlebnis, genee sou wei de Moment wou heen op mengem 18ten Gebuertsdaag mat enger Schampesfläsch stolzeiert koum.

Rest in Peace Mister Mrs. Sausages, Steven, ESSA Asbl