Sonntag, 19. Dezember 2010

C-c-c-c-cold? Who cares?

Et ass krank kaal dobaussen. Jo an?
Et ass Wanter... all Mensch gëtt schon an der Primärschoul geleiert dass et am Wanter kaal ass an dass do fier geweinlech eppes vum Himmel precipiteiert. Am Normalfall sollt daat Schnei sin, waat hei zu Letzebuerg awer eischter selten de Fall ass; ass et dann awer dach mol de Fall geet einfach alles komplett schief. Perfekt Beispill dofier sin dei 2 lescht Wochen.

Et huet ugefaang andeems mer 4 Deeg laang ugekënnegt kruuten dass et gehierlos vill Schnei wert gin. Alles schein a gudd, et ass io och Wanter, a Schnei ass hei zu Land io wierklech eng Seltenheet, trotzdem huet eist Land et net färdeg bruet, no 4 Deeg Preparatiounszeit dem bevierstooenden Chaos entgeijen ze wierken. D'Folge dovun sin bekannt: Sämtlech Autosfuerer vergiessen schlagarteg hiert kënnen am Domaine "conduire une voiture", fueren emmer nach mat 150 op der Collectrice an fänken ca. 1 Meter fierum Stoppschëld u mat bremsen, se hun io schliesslech Wanterpneuen, hinnen "kann io neicht gescheien..."
Dei aaner Halschent vun deenen Helden huet en plus nach Summerpneuen opleien, well et io sou dermossen cool ass mat 5km/h op der Autobunn de gesamte Verkeier opzehaalen oder fier an all Keier eng extra 360° Dreiung ze maachen. (Nemmen sou nierwbäi ass et io och komplett logesch dass hei am Land, daat ierjendwei zu 80% aus Autobunn besteet, KENG Wanterpneuen Pflicht besteht, mee dofier am ganze Recht vun der Welt! (ja ech weess dass et a Griechenland zB kee Sënn mecht, mee ech wollt daat lo mol dramatiseiren).
Mee dann ass de Wendepunkt komm! Donneschtes gëtt d'Schoul oofgesoot, weinst dem Schnei!(Nodeems Mëttwochs schon di hallew Schoul mat gudden 80 Minuten Verspeidung ukomm ass) Fier d'eischte Keier säit op mannst 15 Jooer gëtt d'Schoul oofgesoot, well ennerkillt Waasser daat vum Himmel gefall ass iwwerall op de Stroossen leit an Liewen gefährt. Eng Sensatioun! Joa, kuerz drop war dann och schon Vakanz, waat io wonnerbar ass ;D. Do huet ongefeier sou ausgesin:


*****E klengen Zeitsprong no vier*****
deen Deel deen lo iwwerspronge gëtt beinhalt folgend Ereignisser:
-et fällt Schnei
-et fällt Schnei
-et fällt nach mei Schnei
-et schneit
-de Schnei vu geschter gëtt mat Schnei bedeckt
-mëttlerweil ass souvill Schneii gefall, dass op der Foto do uewen, keng Heck mei ze gesin ass! (ouni Witz)

Sou, lo schreiwe mer rem den 19ten Dezember 2010, en Daag op deem et, oh wonner, geschneit huet :D
Meng Strooss besteet metlerweil nemmen nach aus Schnbeibierger dei all op Mannst 1 Meter heisch sin! Mer hu keng Plaatz mei fier de Schnei hunzeschëppen, HELP! (Falls een en portabelt Schwaarzt Lach huet, soll en sech bei mer mellen, merci).
A waat mecht en 18 jähregen B-Schüler op sou engem Daag? RICHTEG, e baut e Schneimännchen :D Ok ier mer zur Foto kommen eng kleng Hannergrond Anekdot:
An sech wollt ech just, nodeems ech eng Stonn de Schnei fierun der Dier geschëppt hun, den Schnei op der Terass weschmaachen, mee awer ouni d'Schëpp well dei mer op d'Schlappen gaang ass. Do hun ech einfach de Schnei vun der Terass opgerullt an eng MEGA Fett Bull drausgema, dei dann zum enneschten Deel vu mengem Männlein gin ass. Deen deel ass btw 1 Meter op 1 Meter op 1 Meter grouss ;D (1m^3 ).
Joa, geplangt waren just puer sou Bullen nierft en een, mee well ech no der eischter Bull sou entkräft war, hun ech mech spontan decideiert e Schneifettsaak ze bauen. (eis Wiss huet eng Pente, dofier war ech liicht entkräft :P)

(wei gewinnt gin d'Biller mat engem Klick mei grouss)

*hust* Joa, daat do ass entstaanen. Och wann daat riets Bild lo warscheinlech äer komplett Opmierksamkeet huet, geiff ech et trotzdem cool fannen wann der e Bleck op daat lenkst geheit; do ass neemlech ennen lenks am Bild su eng kleng Erhierwung un der een Wonnerbar erkennt weivill Schnei scho gefall ass. Daat ass eng Liege, dei een normalerweis am Summer raushëllt fier sech dropzeleen, an am Wanter rem ranhëllt. Mee aus skurilen Hannergrënn fennt den 2ten Deel NIE bei eis Statt, an sou steet dei einfach schon 1000 Jooer ongefeier do. Ech hun mer et natierlech ent entgooe gelooss fier daat do ze moossen, an ech sin op, haalt erch fest, sensationall 38 Centimenter komm! Genial wann ee mecht freet ;D
Majo dann, feel free to comment, den SchneiFettSaak huet nach keen Numm ;)




Donnerstag, 25. November 2010

POV Riddle 2

Ok euhm... ech muss zougin, et war net souu schweier, soss wier et mer io net einfa sou an de Kapp komm... Soit, gratulatioun dem Paul Gerson Axl an Jaak fier dei eeeeenorm Leeschtung xD

Bon, op jiddefall hun ech mer eppes besse mi schweires iwwerluet, sooen mer sou, de Schwieregkeetsgrad soll lues a lues ropgooen :D

" Waat gett mi kleng wann een eppes dobei mecht, a mi grouss wann een eppes wesch hellt? "







POV Riddle!

Richteg gelies! E Rätsel daat ass dach mol cool? :D
Selbstverständlech ass et op engem Qualiteitstextverbreedungsmedium wei mengem Blog klooer dass ech daat Rästel net vun ierjendwou kopeiert hun, mee et mer lo grad spontan an de Kapp komm ass! Et kann natierlech sin dass schon ierjend en aaneren Hennes dei Idee haat, mee ech ka rouegen Gewëssens behaapten dass ech ganz eleng drop komm sin :D *stolz*


''  Waat mecht ee futti wann een et aussprecht?  "


Leisungen an d'Shoutbox oder an d'Comments, si gespaant :D




Mittwoch, 24. November 2010

Fierwaat beamen praktech wier, Part 1

Alt erem, e Blog entstehend op der laanger Reess vun Esch op Suessem, mam Bus. Hannert eis, also dem Bobam a mier, setzt se Fränk, dee mech, wann en daat heite liest, bestemmt moa drop uschwetze wert, a mer soumat de Beweis liwwere wert dass en mei Blog liest.

Well mer sou iwweraus intelligent sin, haate mer lo grad alt erem eng philosophesch Diskussioun iwwert d'Zeit, oder eischter hier Verschwendung. Sou si mer op d'Froo komm, weivill Zeit vun eisem Liewen mer eleng am Schoulbus verbruet hun. D'Rechnung dei mer a Gedanken haaten war ganz einfach. Mer huelen eng zimmlech prezis Schätzung vun de Schouldeeg pro Jooer, multiplizeiren se mat 2, an dann nach mat der duerchschnettlecher Zeit dei de Bus bis heem brauch, also 20 Minuten. Dest Resultat hu mer duerch 60 gedeelt, an dann duerch 24, fier op eng Zuel ze kommen, dei e Wert vun 27 Deeg!! Huet.

Mer hun also schon e ganze Februar vun eisem Liewen am Bus verbruet! An der Zeit hätt een kennen ganz vill Stellen vun Pi leiren!

Ende vun Part 1







Montag, 22. November 2010

Waschen ist nicht so gut! Wierklech net

Ok, nodeems ech de Niveau mam leschten Post erstaunlech wäit roofgedreckt hun, (an daat zimmlech express, well ech einfach meng Theorie vun "emmer e Bild posten" erfëllen wollt, mee net vill Biller um Computer hun well ech en de Freiden mol rem ganz gebotzt hun), an eigentlech soot dass ech Neicht mei posten wert haut, ass et lo trotzdem su weit komm!

Hun grad en schockeirenden Artikel fonnt, deen... zimmlech spraachlos mecht... hei mol en Auszuch:

''Die kleine Maggie May wurde nur zehn Tage alt. Sie starb nach einem 40-minütigem Waschgang. Ihre Mutter steckte sie achtlos mit der Schmutzwäsche in die Maschine und schaltete diese einfach ein! Kaum vorzustellen zu was Menschen durch Drogenkonsum fähig werden. Als die Tante der Mutter zu Besuch kam, hörte diese, laut “thesun.co.uk”, den Signalton der Waschmaschine, der das Ende des Waschgangs signalisierte. Nachdem sie die Maschine öffnete, machte sie einen grausigen Fund. Sie fand den leblosen Körper des Säuglings vor.,,


Et ass schon zimmlech krass... muss een dann lo schon op d'Babies dropschreiwen dass een se net an d'Wäschmaschinn stierchen dierf, oder op d'Wäschmaschinn dass een keng Liewewiesen dramaachen derf? Ech mengen, hALLO? Wei HIGH muss een sin fier net ze mierken dass een e KAND an d'Wäschmaschinn mecht? Oo ( e Bleck op d'Fraa erklärt villes...)


Hei ass de ganzen Artikel!