Sonntag, 25. April 2010

LGE Lipdub 2010


LGE LIPDUB 2010


Wichteg: Dëst ass keen normalen Blog-Eintrag, wëll heeschen dass daat hei nëmmen fier dei Leit vu Bedeitung ass, dei beim LGE Lipdub 2010 matmache, also d'Primaner an d'Leit aus dem UK!

Lo wou daat geklärt ass, follëgt den eigetlechen Inhalt:
Hei all meijlech Informatiounen, wei an der e-Mail ugekënnegt!

- E Lipdub ass eng Filmsequenz bei där et drëms geet eng grouss Grupp vu Leit ze filmen. Dei Leit danzen an bewegen sech passend zur Musik an "sangen" mat. Well heeschen dass et eng Art Playback ass. Souweit klengt daat gazt nach einfach; den eigentlechen Schweierpunkt leit awer dodrop dass daat ganzt gefilmt gëtt OUNI d'Kamera och eng eenzeg Keier ze stoppen, sou dass et quasi an engem Duerchlaaf op Band ass. Speiderhin gëtt d'Lidd am Montage drënner gesaat.

- Daat ganzt Event fënnt den 07.05.2010 zu Esch an eiser Schoul (LGE) statt. Et wert, wann mer d'Erlaabnis kreien, wärend den Optiouns-Stonnen stattfannen. Ass dëst NET de Fall, fänken mer geint 14:15 un, dann missten dei meescht Leit sech um Treffpunkt afonnt hun, an d'Gebei eidel sin.

- Wärend dem Tournage gin mer vun enger zweeter Kamera begleet, dei eis "beim Filmen filmt". Mat deem Material gëtt en Making-Of zesummengestallt.

- De färdege Film gëtt op der Diplom-Iwwerreechung gewisen. Enplus kritt der eng DvD mam Film an mam Making-Of mat heem, als Erënnerung.

- De färdege Film gëtt ausserdem am Uelzechtkanal ausgestrahlt an kënnt och op den Internetsite vum UK. Eventuell publizeiren mer, genee wei eis Vierlaag, de Video och op Youtube.

- Wichteg fier den 07.05.2010 ass dass der vill gudd Laun matbrengt, den Text (bis op dee spueneschen Deel) kennt, an einfach all verreckt komesch an extravagant Accessoiren, Gadgets an Kostümer matbrengt, well et daat ass waat den Flair vun engem gudde Lipdub ausmecht.

- Waat nach gudd wier, wier wann der awer trotzdem den Refrain leiren geifft. Deen ass eischtens net schweier, an zweetens muss der en io net richteg ausschwetzen kënnen. (Playback). Weejn de Recht vum Text och leire wëll, dee kann daat gäre maachen, et wenkt en "Solo-Optrëtt" ;D


- Et versteet sech vum selwen dass nierft der gudder Stëmmung an dem Enthousiasmus trotzdem eng gewëssen Disziplin an en ziviliseiert Verhaalen wärend dem Tournage vun äerch verlaangt gëtt.

D'Organisatioun ass net einfach fier eis, doweinst musst der verstooen dass mer net op all Wonsch an Idee eenzel kënnen agooen. (Daat heescht iwwersaat: där musst ierch fier een Daag eppes vun 2 Deuxièmes-Schüler sooen loossen ;D )

Denkt w.e.g. un all dei Punkten, an berücksichtegt se, an mer werten zesummen en gäilen Lipdub op d'Been stellen (ÄRE Premières-Film ;) )

Änferten op weider Frooen kritt der op sven.ulmi@hotmail.com oder ben.hoscheit@hotmail.com . D'Frooen (falls se net ZE onwichteg sin) gin dann mat den Änferten zesummen hei drënner geschriwwen, fier dass och wierklech jiddereen iwwert alles am Klooren ass.





Freitag, 23. April 2010

Movies: Kick-Ass

Uiuiiuiiiuiuiuiuiii, den Ulmi mellt sech neess mat "Movies" zereck, tiens tiens...
Majo, ech hun lo decideiert nemmen nach dei Filmer ze posten, dei et och wierklech verdingt hun, an eent kann ech lo scho sooen, deen hei Film huet et FUCKING krass vill verdingt!

Also, de Film ass ab 16, an en huet eng ganz witzeg Hannergeschicht: Keen wollt de Film finanzeiren, do missten d'Realisateuren daat selwer maan, aus dme Grond dass en vill ze vill onmoralesch ass, point de vue (POV hahaha...) kleng Kanner mat Waffen... Soit, de Film ass färdeg gin, an dofier kennt dann lo och meng Kritik ;D

De Film fängt relativ gäil un, net well einfach eng deck cool Action Szene geschitt, mee well einfach eppes TOTAL randomes geschitt, waat een lo wierklech net um Ufank erwaarde geiff !
D'Geschicht zielt vun engem Jong, deen total nerdy ass, an et net wierklech brengt; waat dozou feiert dass en wierklech alles probeiert fier ierjendwei bëssen beleift ze gin. Doropshin keeft en sech en Heldenanzug, mee gëtt trotzdem fuerchtbar zerklappt an enplus nach iwwerfuer ( xD). Mat ca. 27 gebrachenen Schanken, dei duerch Titan-Schanken ersaat gin, wouduerch den Tippchen natierlech onkapottbar gëtt ;) Waat dann follëgt ass net mei mat op dëser Welt existeirende Wierder ze beschreiwen!
Fier et kuerz ze maan: et follegt eng mat spezialeffekter zougebombten genial inszeneiert an a kengem Mooss manner wei 10000% iwwerdriwwen eepesch Filmsequenz vun ca. 20 Minuten, dei doropshin vun enger klenger "mer gin dem Zuschauer Chance sech ze berouegen"-Sequenz erweitert gëtt, no der et awer direkt mat enger NACH MEI mat spezialeffekter zougebombten genial inszeneierten an a kengem Mooss manner wei 10000% iwwerdriwwener eepescher Filmsequenz weidergeet; an daat konsequent bis zum Schluss!

Eepesch ass Kamerateschnech eigentlech de ganze Filmen, mee et gin 2 Saachen dei wierklech ganz staark rausstierchen! Engersäits kann een et sou sooen, dass ech an den eischten 40 Minuten, ca. 11 Orgasmen am Aae haat, well et do einfach 11 iwwerdriwwen krank gäil gemaachten Iwwergäng gin, dei menger Meenung no einfach nëmmen Oscar-Räif sin; dofier well ech lo HEIMAT bezwecken dass et ab 2011 en Oscar fier de beschten Iwwergang gëtt!
Deen zweeten Punkt sin d'Kampfzsenen, fierun allem dei an deenen geschoss gëtt. Sou eng genial Kamerafeirung, kombineiert mat engem Masterpiece vun Montage, maachen all eenzel Kampfszene zu engem richtegen Erliewnis fier Aae an Ouer, mee net fier de Mond, well deen bleiwt dauernd opstooen an dreschent dann aus D: !!

Mei kann ech eigentlech net sooen, ouni eppes ze spoileren, mee ech mengen daat geet duer. Vleit muss ech nach erwähnen dass ech mech grad wierklech krass bezähmen misst fier wärend dem schreiwen net einfach opzestooen an wei en Mëllen duerch d'Haus ze laafen an "bagaahuguibaaaahhh" ze blären; well ech bei all eenzel Erënnerung einfach sou en "most epic"-Gefill haat. Ech sin selten sou krass grinsend aus engem Film rausgaangen wei aus "KICK-ASS"

An lo kënnt daat, op daat ech ganz besonneg stolz sin; de Schlusssaatz. Fierun, wärend, an noo dem Film hu mer geschwaat dass einfach all Kritiker als Schlusssaatz "Kick-Ass, kicked Ass" schreiwt; an ech haat mer wierklech geschwuer daat NET ze maachen... Leider haat ech noom Film einfach keng Wierder mei fier et aanescht ze beschreiwen; mee keng Angscht, ech presenteiren lo voller Stolz MAI Schlusssatz:

"KICK-ASS IS ASS-SOME"




UK Site Revolution

Howdy ;D
Wei der wësst sin ech am Uelzechtkanal net grad ontäteg, an sou iwwerrascht et net dass ech mol eng Keier eppes iwwert den UK schreiwen. Als eischt well ech ierch drop opmierksam maachen dass den UK Site KOMEPLETT fresch gemaach gin ass, an lo an engem eepeschen Design an Konzept erstrahlt. Den Link fannt der HEIIII, oder wei gewinnt do riets um Blog bei der Link-Sektioun! Kuckt aërch en un, en ass wierklech vill mei geil wei fierdrunner!

Lo zum zweeten Deel vu mengem UK-Blog Eintrag:

Dësen Deel widmen ech den Schüler vu Première dei dëst Jooer fier d'Lescht am UK wärten sin, an soumadd net mei Mount fier Mount op der Tele ze gesin wärte sin! Dofier widderhuelen ech dann daat waat ech haut och fierun der Kamera gesoot hun, an huelen nahch puer Saachen no, dei ech vergiess haat.
Et war eng richteg geil Zeit mat ierch, an ech mengen wierklech JIDDEREEN vun der Premiere. Am Ufank vu menger UK-Karriere haat ech perseinlech net wierklech vill Kontakt mat ierch, dei deemols nach 2iemes-Schüler waren. Mee wärend der Berlin Reess an fierun allem duerno, kruut ech no an no mei Kontakt mat ierch, an hun vill nei Kollegen gewonnen. Emsou mei cool war et dass met dann dëst Jooer zesummen konnten an den Optiounen schaffen an och mol deen een oder Aaneren Projet zesummen maachen konnten.
Et war schon eng cool Zeit; sierf et duerch dee Villen Blödsinn (Brumm-Stull © Laurence Zuang) oder duerch dei richteg gäil Projets bei deenen ech gehollef hun, oder gefroot gouff fier ze filmen. (Music N More, Shangai, LIPDUB!!). Apropro "ech gouff gefroot": Merci dass der mech bei sou villen Saachen em Hëllef froot, oder froot fier ze filmen, ech weess daat ze schätzen, an daat gett engem emmer sou en schein waarmt "yes, ech kann eppes" -Gefill, daat een op kee Fall wëll hiergin! Dozou muss ech nach sooen dass ech gären Hëllefen an och bei Projets matmachen, braucht mech just ze frooen (;
Wann ech zereckblecken, stellen ech fest dass ech wierklech mat baal jidderengem eppes gemaach hun. An op dëser Plaatz faalen dann rem puer "Mercien" vu menger Säit aus:

-Merci un de Claude fier dei gäil Zesummenaarbescht bei Music 'n More, an de Luef dee mer dofier kasseiert hun, daat war einfach AWESOME ;D
-Merci un d'Vania, d'Sté, d'Laurence, d'Laura an rem de Claude, fier dei 2 eepesch an mat Laachkriisen gefëllten Episoden vum "Date-Doktor".
-Merci un d'Tagea an d'Aldijana, dass se souvill Gedold mat mär bei der Moderatioun haaten
-Merci un dei, dei lo nach feelen, deenen ech hei an do mol gehollef hun, wann ech grad neicht ze dinn haat ;)

Waat d'Zukunft ubelaangt muss ech un dëser Plaatz awer nach eppes lassgin: Leit, der hudd et der 3ieme VERDAMMT schweier gemaach, en würdegen Ersatz fier Ierch duerzestellen! Ech zeien mäin Hutt! Also, an deem Sënn nach eng Keier:

MERCI fier daat gäilt UK-Jooer ;D




Donnerstag, 22. April 2010

Picture of the Day!

Bäm eppes neies um Blog!
Haut, um Dönerstag, an der Schlaang, huet de Joshua Spautz (heen weess wei ech daat ausschwetzen (; ) mech op dei wonnerbar Idee bruet d'"Picture of the Day" anzefeiren. Daat fannen ech guernet mol su domm, well ech relativ oft eng Foto am Daag maan, dei eppes witzeges oder cooles oder erstaunleches etc etc weist, an daat 4-5 mol an der Woch, vun dohier ass et praktesch, grad an sou Phasen wei lo, wu ech un Blogs schreiwen, mee nach keng veröffentlechen; sou bleiwt de Blog um Liewen, an et gëtt keng Durststrecke mei ;D Hei dann daat allereischt Picture of the Day:

Neulich im Kebab...
JUST DO IT

Witz erkannt? hahaha...
By the way: mega beis, ouni meng Fans (uii, dass ech daat je engka sooen kann oO) wier mei Blog neicht. Also, merci fier de Support, an haalt fucking NET op domat ;D




Dienstag, 20. April 2010

Emfroo: Resultat

Bähm!
Ech haat bis lo net dru geduet fier dei Resultater ze haalen dei bei den Emfrooen rauskomm sin, mee des keier hun ech et wierklech färdeg bruet :D voila, hei sin d'Details:

Stëmmen oofgin: 43 Leit
Votes oofgin: 75
RTL: 5 Votes
Pro7: 28 Votes
UK: 20 Votes
MTV: 5 Votes
nvt: 10 Votes
RTL2: 5 Votes
Sat.1: 2 Votes


An well et sou schein ass, hei nach en lustegt faarwegt Tortendiagramm ;D (klick drop fier et mi grouss ze maan (; )




Domat steet fest, meng Blog Lieser hun en gudden TV-Gout, an ech sin nach vill mei frou dass RTL baal keng Stëmmen kruut ;D Dei nächst Emfroo wärt dann wuel en Eeepescht Thema behandeln, wubei ech denken dass net GRAD su vill Leit matmaache wärten wi bei der heiten^^ Mee egal, ech sooen scho mol dem HoscheitsssBen merci fier d'Idee :D