Donnerstag, 7. November 2013

De LEGO-Film!

Wou ech an Amerika war haat ech am Kino e klengen Trailer gesin fier e Film wou ech mer net ganz sëcher war ob et e Gag soll sin oder ob et tatsächlech Realiteit wert gin; d'Ried vun engem LEGO-Film! Nodeems et ob YouTube eng ganz Rëtsch vu klengen 3-4 Minuten Homemade Stopmotion-Clips gemaach gouffen (vun private Leit) huet sëch Hollywood wuel geduet "daat kënne mer besser!". Kuckt äerch den Trailer un:



Am Trailer erkennt een déi eng oder aaner bekannte Figur an/oder Stëmm, an d'Witzer sin typesch wéi een se aus de LEGO-Spiller fier d'Konsole kennt! Ech perseinleche freeë mech wei e klengt Kand op de Film!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 6. November 2013

Movies: Prisoners

Prisoners - by Denis Villeneuve

Infosite mat Traileren a Biller
Mat “Prisoners” leeft nierft “Rush” a “Gravity” momentan alt nach en absolut sehenswerte Film an de Kinoen. Et gëtt en interessant Thema behandelt, an de Film platzt quasi vu Spannung. Besonnëg gudd gefällt mer dass mat der Definitioun vum Wuert “Prisoner” gespillt gëtt. Hei mol den Trailer:





Wéi ee gesäit geet et drëms dass 2 kleng Meedecher wärend engem Thanksgiving-Iessen verschwannen, a waat d’Elteren alles maachen fier se eventuell remzefannen. Natierlech ass de Film net grad sou banal: eng ganz Rëtsch u Personnagen gëtt no an no agefouert, a jiddereen ass op seng eegen Art a Weis wichteg. Mer perséinlech hu folgend Elementer, déi dem Film seng Banalitéit huelen, am beschte Gefall: d’Réalitéits-Treiheet an d’Intensitéit vum Film.


Waat ech mat Réaliteits-Treiheet mengen? De Film hëllt kee Blaat fierun de Mond a weist d’Saachen knallhaart genee sou wéi se wierklech géinge geschéiene - daat geet vun enger banaler Famillien-Diskussioun bis hin zum ganz aaneren Extrem. Dëst beaflosst natierlech och den Ooflaaf vu verschiddene Szenarien déi an engem aanere Film vläit méi einfach a méi séier geléist gi wieren. (zB. (liichte Spoiler!) déi eiskaal Verneinung vun engem Gefaalen bei der Police, déi eventuell e groussen Effekt gehaat hätt).



D’Schauspillleeschtung vum Hugh Jackman, de Papp vun engem vun de Meedecher, a vum Jake Gyllenhaal, deen de Chef-Polizist spillt, drooen natierlech och zu dësem realistesche Bild bäi. Daat, gemëscht mat enger zimmlech gudder Characterdéifft, also dem Fakt dass een d’Vergaangenheet an/oder d’Art a Weis wéi se noodenken an handelen erkläert kritt, mëcht dass een sech richteg an de Film raversaat fillt, an doduerch kënnt déi Intensitéit op vun der erch am Ufank geschwaat hun.

Mat enger Dauer vun 2 Stonnen an 30 Minuten ass et net grad dee kierzten Film, MEE ech hun net fonnt dass en ze laang ass - zumindest haat ech net de berühmten “boa lo kéint et awer baal riwwer sin”-Moment. Am Géijendeel: ech hun iwwerhaapt net un d’Zeit geduet well een ab engem bestëmmten Moment einfach voll dran ass, a “matfiebert”. Noom Film war daat éischt waat ech gemaach hun mol eng Kéier fest ausgeootemt an d’Spannung aus menger Schëller-Genéck Géijend rausgelooss, gefollëgt vun engem “ech sin ze zefridden mam Film”-Grinsen.


Ech gin dem Film 8.2/10 op der berühmter Ulmerich-Skala a kann en, genee  wéi “Rush” a “Gravity” , wierklech jidderengem empfehlen, an ech klaaken en och op d’Lëscht vun de Must-See-Filmer vun 2013!

bis dohin,
stay tuned.




Dienstag, 5. November 2013

Bitstrips... Bitstrips everywhere!

Waat der Däiwel ass lass, hun ech eppes verpasst? Wou kommen déi hier, ween huet domat ugefaang, a fierwaat sin déi do?! Fier déi wou net wëssen em waat et geet: ëm de neiste Facebook-Trend mam Numm "Bitstrips". Dëst si kleng Biller déi ee mat Hëllef vun enger Online-Software generéiere ka loossen, fier se uschléissend op Facebook ze deelen an (haaptsächlech) deenen aanerer Leit hier Startsäit voll ze spammen! Hei meng Kreatioun déi zu mengen Frooen déi ech gestallt hun passe soll:
Ech hun absolut keng Ahnung wou se hierkommen a wéi laang et deen Trend scho gëtt, mee op menger Startsäit fannen ech dës Biller säit genee 2 Deeg, an amfong gesin ech quasi NËMMEN nach sou Biller... e richtegt Gesiit op Facebook ze gesin war io souwisou dank all den Iessens-Snapshots an de Möchtegern-Kreativ-Fotographen-Biller (déi an 90% vun de Fäll einfach nëmme schlecht sin) schon eng Seltenheet. Well d'Biller awer ierjendwei witzeg ausgesin an ech mech gefroot hun wei daat geet dass d'Characteren oft zimmlech sou ausgesin wéi déi Persoun déi d'Bild gepost huet, hun ech mer geduet "hey, ech posten io lo souwisou eppes doriwwer, da kann ech io als Gag och sou e Bild maachen, daat geet io schnell"... FALSCH!

Ech hun io lo net wierklech grad baal eng hallew Stonn domat verbruet mäi Character sou ausgesin ze lossen wéi ech? (leider dach...) Emsou méi fannen ech et eng Frechheet dass ee keen normalt Hierm auswiele kann - als Alldaag-Hiermträger hun ech mech benoodeelegt gefillt, tschö! Enplus war de Choix bei de Bäert zimmlech mickreg, sou dass ech op eng Noutléisung misst ëmklammen. Dobäi hun ech mech gefroot fierwaat et nëmmen 10 Bäert gin, wärend et ca. 30'000 verschidden Boomen-Ploweren gin. Bon, nodeems ech endlech fäerdeg war "mëch" ze maachen, hun ech dann daat Bild fonnt waat ech wollt (daat uewen do).

Ierjendwei ass et mega random an ierjendwei ass et awer och net daat schlëmmsten waat bis elo op Facebook sou lass war. Trotzdem wëll ech gäeren Änferten op folgend Frooën:

1. Wou kënnt et hier?
2. Ween huet domat ugefaang?
3. FIERWAAT?!
4. Weini ass meng Startsäit rem normal? :(

Zu gudder Lescht dann hei nach e "Bitstrip" bei deem ech einfach net widderstooe konnt; och wann et net grad der Realitéit entsprëcht, mee wa schon eppes mat Kino do ass, da muss ech daat io baal huelen!
bis dohin,
stay tuned.





Montag, 4. November 2013

Movies: Gravity

Gravity - by Alfonso Cuarón

Infosite mat Traileren a Biller

"Gravity" ass DEN Sci-Fi Drama Thriller iwwerhaapt dee momentan am Kino leeft. Net nëmmen spillt de Film an engem éischter ongewéinlechen Environnement, mee en iwwerzeegt a ganz villen Aspekter. Direkt noom Trailer wert ech dorop natierlech méi am Detail agooen an erkläeren weieng Elementer mer besonnëg gudd gefall hun.


Wou ech deen Trailer déi éischte Kéier gesin hun haat ech just nach ee Gedanken am Kapp "HOLY SHIT", a kuerz drop en Zweeten, neemlech "Ech muss dee gesin!". Den Trailer ass zimmlech intensiv, zumools ab der halschent vum Video, an (glécklecherweis) ass daat och am Film nach ëmmer sou! Wéi een also klooer matkritt geet et drëm dass d'Austronauten Ryan Stone (Sandra Bullock) an Matt Kowalski (George Clooney) vun hierem Schëff oofkommen an am Weltraum fierun sech hischwiewen... hoffnungslos.

Obwuel a leschter Zeit a Filmer wei Prometheus a Star Trek d'Thema vum Weltall oft genuch vierkomm ass, huet dëse Film et quasi nach eng Kéier völleg nei behandelt - et ass neemlech eng Geschicht déi vum Ufank bis zum Schluss sou, an zwar genee sou, wierklech geschéie kéint. Fier mëch zeechnen de Film 3 Punkte besonnëg aus: déi immens kleng Unzuel vu Schauspiller, d'Soundkuliss an d'Mouvementer.

Säit dem Film "Buried" (wou iwwregens just een eenzegen Schauspiller ze gesin ass) hun ech kee Film méi gesin deen sou vill vun der Story liewt. Déi zwee uewen genannte Schauspiller sin am ganze Film déi eenzeg Menschen déi ee gesäit, waat natierlech immens zu deem Einsamkeet-Gefill bäidréit daat een sou huet wann een am Weltraum onkontrolléiert rondremschwierft. Dozou ass och nach ze sooen dass de Film net vun de Schauspiller an sëch um Liewe gehaale gëtt - wëll heeschen dass e grad sou gudd wier wann aaner, vläit méi onbekannt Schauspiller gecast gi wieren.

Vun der Geräischkuliss ass dëst Wierk wéi gesoot och zimmlech beandrockend. Wéi mer all wëssen (a wann net da wësse mer et lo) héiert een am Weltall näicht - daat heescht wann ierjendwou eppes explodéiert krisste daat nëmme mat wanns du et gesäis oder spéidsdens dann wanns du e Stéck vun der Explosioun riit an d'Gesiit kriss. Am Film ass dëst net grad zu 100% wouer, well soss wier en zimmlech monoton, am wahrste Sënn vum Wuert. Zum gréissten Deel ass de Film entweder mat Funk-Gespréicher, dramatescher Musik oder einfach guernäicht vertount - och daat dréit rëm zum Einsamkeet-Gefill bäi.

Den drëtten Aspekt sin d'Mouvementer - souwuel déi vun de Schauspiller wéi och déi vun der Kamera. D'Schwerelosegkeet ass menger Meenung no zimmlech perfekt emgesaat; a Verbindung mat den gudd gelongenen Kulissen kéint een sech wierklech deelweis d'Froo stellen ob et net ierjendwei am Weltall gefilmt gouff! Vu dass et am Weltraum zimmlech schwéier (fier net onméijlech ze sooen) ass eppes zum Stooën ze bréngen, ass och d'Kamera hei permanent a Bewegung, se schwiewt halt am All mat rondrem. Dëst dréit natierlech (besonneg mam 3D) och immens dozou bäi dass een sëch méi déiff am Geschehen fillt.

Alles an allem hun ech "Gravity" wierklech ganz gudd fonnt! Hei stëmmt einfach villes: d'Schauspiller, d'Emsetzung, d'Thema, d'Kamera an den Effekt vum 3D - daat eenzegt waat mech perséinlech e Bësse gestéiert huet ass wéi d'Geschicht un d'Rulle kënnt; daat wierkt e bëssen onrealistesch, wann ee bedenkt dass an der Regel keng Idioten an der Raumfahrt schaffen, mee bon, daat ass Geschmackssaach. Ech gin dem Film eng abgespaced-en 8.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala; definitiv ee vun de Filmer déi een sëch Jooër op kee Faal derf entgooë loossen!

bis dohin,
stay tuned.



Freitag, 1. November 2013

Mein éischten Halloween

Ass et eigentlech Helloween oder Halloween, ierjendwei kënnt mer eppes koomesch vier bei deenen 2 Schreiwweisen... ech bleiwe mol bei "Halloween" einfach well do déi wonnerschéin Beggréissung "Hallo" dran ass. Bon, dëst Jooër war genau geholl mäin éischten Halloween. All déi Jooëren fierdrun, säit deem éischten Jooër wou dee Boom beemol hei am Land opkomm ass, huet mech daat zimmlech kaal gelooss an ech hun et suguer ierjendwei blöd fonnt - Zäiten änneren sech an sou haat ech dëst Jooër déck Loscht mech ze verkleeden!

Wärend hei am Land "Halloween" éischter vun engem "Zombie"-Theme begleet gëtt, ass et an den USA io mëtlerweil esouwäit dass een sech einfach nëmmen verkleed, quasi wéi fier Fuesend, an sou hun ech mech décidéiert gehaat als Walter White, alias Heisenberg ze verkleeden, waat deen een oder aaneren vun Ierch bestëmmt och scho matkritt huet. Trotzdem wollt ech doriwwer e Post maachen fier dass ech déi Erënnerung schrëftlech festgehaal hun ;). Amfong war meng Verkleedung recht einfach: e Boart deen ech e gudd Stéck beschneide misst, e schwaarzen Hut an eng Gummi-Glatz.
D'Léift läit awer am Détail... mat der klenger Plooschter op der Nues, enger klenger Phiole Ricin-Gëft an der Täsch, engem eeleren Hierm daat an db'Box gestach gëtt, engem Make-Up deen mëch bëssen méi aal soll ausgesin loossen an engem gudde Kilo selwergemaachten Candy-Meth ass meng Verkleedung recht gudd ukomm - an soumat war ech och deck zefridden, well ech eigentlech eng mega Null doranner sin! Ech war zwar ëmmer nach wäit wesch vun engem richteg gudden Double, mee de Message ass riwwerkomm an daat ass mer dergaang!
Daat Ganzt haat iwwregens och nach e "flotten" Nierweneffekt. Nodeems ech heiheem ukomm war an mech endlech vun der Gummiglatz an dem Baart befreie konnt, hun ech festgestallt dass ech, mat e puer klengen Ännerungen, eventuell direkt op däi nächst Halloween-Party gooe kéint - de Schweess ënnert dem Gummi, an de Makeup hu mer mäi Gesiit neemlech uerdentlech verkrustet an de Make-Up eeklech ausgesin gelooss, sou dass ech duerno sou ausgesin hun: (leider gesäit een d'Krusten net ze gudd...)
Ech haat awer definitiv vill Spass mëch een Owend wéi de WW ze behuelen, an ech denken dass ech mer lo wuel all Jooër eppes cooles afaale loosse wert -  et ass neemlech zimmlech cool mol een Owend net sëch selwer ze sin!

bis dohin,
stay tuned.