Freitag, 5. Juli 2013

Amerika Part 5 - Still in the desert

Vu Palm Springs aus ass et weider gaangen Richtung Phoenix, dobei si mer also an Arizona ragefuer; verblüffend dobäi ass dass sëch d'Lanschaft ab dem Schëld wou daat dropsteht schlagarteg innerhalb vun net mol enger Meil komplett verännert huet. Vun enger relativ bronger a flaacher Landschaft mat vereenzelte Beem an gringen Hecken, zu enger vun Hiwwelen iwwerfëllter hellbronger Sand-Landschaft mat Milliounen vun Kakteen, on hallew oofgestuerwenen Pflanzen!


Waat awer méi beängstegend wéi déi total Doudegkeet war, war de Fakt dass mer op deem 4-Stonnen Trip oft mol einfach sou eleng ennerwee waren, wäit a breet keen Zeechen vu Bevölkerung; wier do eppes mam Auto geschitt, wär et flott gin! Sou ass dann och dës lusteg Foto entstaan:


Owes haat Amerika jo sein Nationalfeierdaag, leider war vun eisem Standort awer neicht ze gesin, Schued! Dofier hun ech awer e puer cool Donneren héieren, alt winnstens daat ;) Bleiwt just nach ze sooen "Happy Birthday America", an:

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 4. Juli 2013

Amerika Part 4 - Welcome to the desert

Den éischten "gréisseren" Roadtrip hu mer hannert eis; no enger Streck vun 132 Meilen si mer hei an Palm Springs ukomm. Nierft deenen deelweis 7-spueregen Highways huet natierlech och de Wandel vun der Landschaft faszinéiert; vun gring mat Blummen huet se sech lues awer secher zu Bierger mat Sand an Steng verwandelt. Ganz nierwebei huet sech den Thermometer geduet dass et nach flott wer vun angenehmen 95°F op 120°F (=49°C) ze klammen!


Daat huet eis awer "recht" weineg ausgemaach an sou si mer direkt noom Check-In op de Mt. San Jacinto gaangen, bzw hun eis féieren gelooss. Dëst ass e Bierg deen 2500 Meter héisch ass, an vun deem een eng fantastesch Vue iwwer ganz Palm Springs, a méi, kritt! (Als klengen coolen Detail: uewen um Bierg, wou mer mat enger rieseger Gondel hibruet gouffen, waren et rem angenehm 95°F)


Do Uewen ukomm, kann een nierft der typescher Panorama-Foto och nach déi aaner Säit roof gooen fier an de Naturpark ze gooen, deen zimmlech Natur-Pur ass, bis op de Ween deen vu Mënschenhand gebaut gouff fier roof ze kommen. Doduerch dass hei nach souvill am "original"-Zoustand ass, konnt ech e Puer richteg gäil Fotoen maachen! Vu dass d'Loft sou wäit Uewen awer zimmlech dënn par rapport zum Buedem war, si mer recht séier an d'Schweessen komm, an sin dunn rem roof gaangen.


D'Temperatur huet, ob der gleewt oder net, sech geduet se kéint nach e bësse méi klammen, an sou ass et quasi onméijlech gin séch länger Zeit dobaussen opzehaalen; trotzdem si mer nach e bëssen rondrem getrëppelt, mat Betounung op e Bëssen ;) Haut geet et dann och schon rem weider, no dësen 2 Tëschenétappen geet et endlech op Phoenix, wou mer hoffentlech eng cool "Fourth of July" Parad oder Feier werten gesin!


bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 3. Juli 2013

Amerika Part 3 - Eng Guitar gëtt gebuer

Op eisem drëtten Daag vun der Reess verloosse mer Los Angeles an fueren weider Richtung San Diego; ier mer awer de Wee fier dohin aschlooen konnten mäi Papp an ech als Musiker et eis net entgooe loossen an den Fender Musical Store zu Corona laanscht ze fueren. Net nëmmen ass daat en zimmlech gäilt Geschäft mat Tonnen T-Shirts, Guitaren, Bäss an Jamm-Säll mee et kann een och eng guidéiert "Factory-Tour" maachen, wou een vu vier bis hannen gewissen kritt wéi eng Guitar entsteht, also vum einfachen Holzbried bis hin zum leschten Poléieren!




An der Regel dauert et 4 Wochen bis 1 Guitar färdeg ass, mee dovun verbréngt eleng d'Hold 2 an eng hallew Woch mat drëschnen. Erstaunlech ass och dass hei sou gudd wéi iwwerhaapt näicht vun enger grousser Maschinn gemaach gëtt; bis op e puer Micometer-Aarbeschten gëtt hei, obwuel et een vun de gréissten Guitar-Hiersteller vun der Welt ass, alles op der Hand gemaach.


No dësem faszinanten an fuerchtbar fiichtem Tour (dobannen muss et fiicht sin fier dass mam Holz alles an der Rei bleiwt) ass et dann knapp 100 Meilen duerch den typeschen amerikaneschen Landscape weider gaangen op San Diego!


Hei gëtt et amfong näicht weltbewegendes ze kucken, mee totzdem huet dës Staat eppes; waat am Daag wéi eng zimmlech roueg Stiedchen riwwerkënnt, verwandelt sech Owes zu enger lieweger "Party"-Zone, mat engem richtegen Groussstaat-Flair! Ajo, eisen Hotel huet 22 Stäck, an bidd domat eng fantastesch Vue iwwert déi ganz Staat, inklusive engem "VIP"-Bléck an de Baseball-Stadium!


Haut geet et weider op Palm Springs, eng weider relax Etapp déi mer hileen fier duerno schlussendlech op Phoenix ze fueren! Hoffentlech hun se den dramateschen Brand bis dohin ënner Kontroll (hei sin d'Noochrichten voll domat, 19 Popjeen sin schon dobäi em d'Liewen komm!), schliesslech ass moa Nationalfeierdaag :D

bis dohin,
stay tuned.




Dienstag, 2. Juli 2013

Amerika Part 2 - Universal Studios

Nodeems mer am Hotel ukomm sin, hu mer eis nach op de Wee richtung Hollywood gemaach, fier de berühmten Schrëftzuch an den Hills ze kucken, an natierlech en klengen Oofstiercher op den Walk of Fame ze maachen. Do hu mer, nierft den Milliarden Stäeren um Buedem, ënner aanerem den Jack Sparrow, den Chewbacca, den Darth Vader an de Master Chief begéint ;)



 No enger kuerzer Nuet ass et dann richtung Universal Studios gaangen! Bei eepeschen 34 Grad haate mer daat perfekt Wierder erwëscht fier dësen gäilen Themenpark voll a ganz ze genéissen. Dank eisem "mer drécken eis iwwerall vier"-Pass hu mer néirens missten méi wi 5 Minuten woaden, an hun et fäerdeg bruet ALLES an deem Park innerhalb vun 6 Stonnen duerchzehuelen! Als Film-Freak war et natierlech emsou méi gäil dass een hei eng 1-Stënneg Rundfahrt ugebueden kritt, wou een d'Studios, divers Sets an Kulissen, souwéi den gréissten Bluescreen vun der Welt ze gesi kritt!




Haut ass eisen leschten Daag an LA, an mer fueren weider op San Diego! Ier mer awer dohinner fueren maache mer nach en oofstiercher bei Fender bei Corona (Fender ass eng Guitar-Mark, fier déi déi et intresséiert ;) )

bis dohin,
stay tuned.



Montag, 1. Juli 2013

Amerika Part 1 - Eng aaner Welt

Yess, mer sin ukomm! Noo knapp 12 Stonnen am Fliijer sëtzen, an dobäi 4 zimmlech aktuell Filmer kucken, an Iessen mat intressanter Konsistenz zou sech huelen, hu mer de Wee vum Flughafen an den éischten Hotel fonnt! Direkt um Wee fier dohin war schon eng spannend Aktioun op de Stroosse lass: eng Ambulanz ass vun hannen beigerannt komm; op den zweete Bléck huet een dann awer erkannt dass déi besooten Ambulance wéi et schéngt e Frontalcrash haat, zumindest hun dei zerbrachen Windschutzscheiw, an den quasi net méi vorhandenen Kapo daat ze deiten gin... well daat Ganzt awer nach net spektakulär genuch war, huet en och nach Flëssegkeet verluer! Kuerz drop parken mer den Auto beim Hotel an héieren a gesin en riesegen Feierwierwohn herbeirasen. Meng Theorie ass dass d'Ambulance explodéiert ass, oder zumindest a Flaamen opgaangen ass ;D

Hei dann awer lo dei verprachen Foto vum Daag, zimmlech onspektakulär, d'Vue aus eisem Zëmmer, mee vill méi hu mer halt nach net gesin ;)


bis dohin,
stay tuned.