Sonntag, 5. Mai 2013

Video um Sonnden!

Vu dass de Freide kee Video do war, muss daat io baal nogeholl gin! Dës Woch ass et en Video Tribute zum Spill "Portal" an/oder "Portal 2", waat alle béid zwee vun de Beschte Spiller sin déi een a senger Sammlung kann hun; absolut empfehlenswert, suguer fier Net-gamer. Enjoy!



(Enplus ass mega gudd Wieder, do wëll dach souwisou kee vill  liesen!) Moa schreiwen ech warscheinlech den nächsten Deel vum Youtube-Guide...

bis dohin,
stay tuned.



Samstag, 4. Mai 2013

Ass d'Muecht mat Disney?

Fier unzefänken wënschen ech jidderengem e schéine véierte Mai, och bekannt als de Star Wars Daag..."May the 4th be with you". Wéi sëch rausgestallt huet war ech net den eenzejen Batti deen sech geduet huet dass daat e coole Facebook-Status wier; gleichzeiteg hun ech och Saachen wei "may Disney be with you" an "de 4te Mai ass nemmei daat selwescht mat Disney" gelies. Falls der et net matkruut: Disney huet d'Star Wars Universum opkaaf, an sou läit d'Zukunft vun dëser legendärer Saga an hieren Hänn.

Vill Leit gesin doran e grousse Problem. Se befierchten dass dei, säit neistem ugekënnegt "Episode VII" total an de Sand wert gooen, an déi ganz Franchise kannerech wert ausgesin, an domat och vu sengem Charme verléiere wert. Aanerer fäerten ganz einfach dass d'Story miserabel gëtt well se sech net kënne vierstellen dass do neicht mat den Hooer erbei gezunnenes entsteht. Mee wéi berechtet sin dei Uschëllegungen, a fierwaat mengt de gros dass et an de Sand geet?


Dozou soll als éischt emol gesoot sin dass Disney lo net déi schlëmmste Firma ass dei een sech hätt kënne vierstellen; de Gros vun eise Kandheetsfilmer an Serien sin aus der Fieder vun Disney entstahnen, genee sou wéi eng gudd Rëtsch wierklech gelongenen
Kinosfilmer. Och wann Saachen wéi "High School Musical" d'Meenungen zu Disney wäit auserneen drécken, derf een net vergiessen dass, wann Disney dann lo deen 7ten Star Wars Deel mecht, wuel kaum een Dude eleng um Set sëtzt an alles mat Disney-Anekdoten vollklaake wëll.

Fun Fact: Fierun 4 Jooer huet Disney Marvel opkaaf, fier schlappe 4 Milliarden Euro. A weieng Filmer hu mer oder wärte mer ënner aanerem säit deem gesin? Richteg, Iron Man 2, Tron, Captain America, Thor, X-Men,The Amazing Spider-Man, The Avengers, Iron Man 3, Thor 2, Captain America 2, The Wolverine, The Avengers 2, etc. Ech weess net wei äerch geet, mee ech sin der Meenung dass Comic-Verfilmungen an de leschte Jooeren immens gudd gi sin, an och wierklech immens beléifft, bei enger breeder Sparte vu Leit, gi sin! An daat alles "obwuel" Disney seng Fanger mat am Spill huet! Net ze vergiessen dass och déi recht erfollegräich "Pirates of the Caribbean" ënnert der Hand vun Disney läit!

Wéi ech schon uewe soot wäert wuel kaum een Dude vun Disney alles eleng um Set bestëmmen. Ech sin iwwerzeegt dass den George Lucas och nach daat eent oder aanert Wiedchen matschwetzen däerf, an op Disney eng komplett nei Crew organiséiert sierf och mol an de Raum gestallt. Ëmmerhin hun io schon 2 Veteranen aus der Star Wars Saga zougestëmmt rem am neie Film opzetauchen, waat sëcherlech och scho mol e Puer Sympathiepunkte fier Disney bréngt.

Do kënnt mer grad e Gedanken: lo wou Marvel, an domat all eis geléifft Superhelden, ennert enger Decken mat Star Wars sëtzt, kéint een dass ganz einfach dei 2 Welten fusionéieren, an domat DE Film vum Joordausend maan! Se wäerten schon ierjendeng abgespaced Method fannen wei daat Zeitlech alles passt... sie hun io schon am Avengers mat Wormholes geschafft ;D A wa mer kee Film kréien, dann w.e.g winnstens e Spill fier egal weieng Konsol! Oh Gott ech hu spontan sou verdammt vill Ideen waat een alles kéint realiséieren, a weieng Kombinatiounen meijlech sin! Stellt äerch en Iron Man fier, deen nierft all senge Spillereien, och nach eng Art Laserschwert aus sengen Hänn enstooe léisst! Oder e Boba Fett deen mam Tony Stark kooperéiert an sein eejenen Suit kritt! Oder en Chewbacca deen d'Fähegkeete vum Hulk kritt! Oder oder oder... Kléngt dann awer méi no engem Videospill wéi no engem storytechnesch logeschem Film ;)


Bon, zréck aus der Fantasiewelt...
Fakt ass: Disney huet verdammt vill Suuen, an hannert sou enger erfollegräicher Firma wert wuel kaum en Trupp voller Blödianen sëtzen déi eng Franchise no der Aanerer opkaafen an se Schäiss ausgesi loossen wëllen. Donierft: déi meescht Star Wars Fans werte mer zoustëmmen dass dei 3 éischt Filmer bei wäitem besser sin wei di 3 Neisten, an dann kann ech just sooen: waat ass ze ferten? Disney kann et just besser maachen an eventuell rem e Film kreéieren op deen d'Fans stolz sin! D'Hoffnung ass op alle Fall do!

Ech perseinlech gesin daat ganzt manner wëll, wann net suguer éischter Positiv! Duerch dee ganzen Opkaaf gin der Franchise vill nei Meijlechkeete gebueden, sierf et duerch nei, jonk Ennerstëtzung am Team, oder duerch dei grouss Kéipp vu Suuen dei nëmmen sou fier Special Effects verballert kënne gin!

Wéi gesidd der daat Ganzt? Freet der äerch op de 7ten Deel, oder wäert der de Kino meiden fier eng ventuell Enttäuschung ze verhënneren? Oder bass du een vun deenen déi de Film kucke gin an duerno jidderengem ennert d'Nues reiwt dass du jo "soss dass en net sou gudd wert sin wei all Mensch mengt"? Schreiwt an d'Kommentarer waat der dovun haalt ;)

bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 3. Mai 2013

Kee Video um Freiden

Sorry Leit, haut gëtt et kee Video,
ech war an en Accident verwéckelt an sin, waat e Wonner, zimmlech gesuckt awer soss feelt mer näicht, sin gudd dovu komm, waat een vun deem aaneren Auto net behaapte kann. Ech kruut d'Vierfahrt geholl, bzw deen aaneren huet royalement e STOP ignoréiert! D'Resultat ass eng éischter onimpressionant Téitsch u mengem Pare-Choc an en zerdruddelt Nummerschëld, wouwéi och en futtist Luuteglas. Deen aaneren huet par contre missen oofgeschleeft gin, mei klenge Polo huet et nämlech trotzdem färdeg bruet säi fiischt lénkst Rad ranzedrecken.


Léiert all brav äere Code de la Route, an denkt drun dass e Stop dofier do ass fier ze stoppen, da geschéien Ierch keng sou Saachen...
KommentarFroo vum Daag: Waat ass äere schlëmmsten Accident bis elo?

bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 2. Mai 2013

Guest Post: Sam - Wéi wäit dierf e Fotograf goen?


Wéi ugekënnegt, hei e Guest Post vum Sam Flammang: Hee beschäftegt sech enner aanerem mat engem Thema daat een als (ex-)Uelzechtkanal-Kameraféirer nëmmen allze gudd kenntan séier haasse léiert; enjoy!


D' Fro no der Moral oder: Wéi wäit dierf e Fotograf goen? 


Et ware lauwarm 9 Grad iwwer Null, d' Sonn huet douce duerch de Wollékenhimmel geschéint. De séisse Geroch vun ofgestanenem Béier loung an der Loft, den Damp vum Gaskocher huet d' Ronn Formen vun den zwee Zelter emhüllt. Déi 5 jonk Männer sutzen ronderem d' Kachdeppen, verschiddener op Campingstill, verschiddener op enger virun e puer Deeg nach würdevoll genanntener Kescht mat der Opschreft "Cool-Box", déi elo éischter Sammelsurium fir allerlei Mécken a Ravioli-Reschter ass. Alles huet no engem gemittlechen, wann och liicht kalem, Campingdaag ausgesin. Leider gouf déi ennerlech Harmonie teschend de 5 Bouwen regelméisseg duerch 3 gleissend Hell Bletzer gestéiert, déi ronderem den "camping pitch" opgebaut waren. Ouni dorobber anzegoen hun si sech weider amüséiert. 

(Kommentar vum Sven: de klenge sneaky bastard Sam am Bësch)

Okay, elo hu mer genuch mystifizéiert. Mir befannen eis weder um Camping vum Hollywood-Boulevard, nach op engem Star Trek-Fantreffen, an déi 5 Camper sin och keng Rockstars. Wat ech ierch uewen beschriwwen hun wua dat wat ech duerch meng Kamera gesin hun, ca. 15 Meter vun der Campingplaatz ewesch, hannert Hecken a Beem verstoppt. Déi 5 jonk Männer, eng Band aus dem Minett, wollten elo, wou d' Festival-Saison ugeet, e puer leschteg Camping-Fotoen hun fier hiert Titelbild vun hierer Facebook Fanpage, souwéi aner Fotoen déi mat typeschen Elementer vun Musikfestivals ze din hun. Gesot gemaach, d' Fotoe si ferdeg, d' Band fennt se gudd, an se zieren elo schon de ganze Facebook. Alles an der Reih, mir hun dat ausgemaach, ech hun als Typ den d' Fotoe mécht (an ech weigere mech, mech selwer Fotograf ze nennen) mäi Service erfellt an hat e flotte 4-stündege Shooting. 
Wat ass hei elo e Grond fir en Guest-Post ze maachen frot dir ierch vläit elo alleguerten, ma hei liwweren ech ierch no enger laanger Introductioun de Grond. 
Virun e puer Deeg huet de Sven an engem Post d' Fro opgeworf an gefrot, op letzebuergesch almoudesch wier. Zu dem Zäitpunkt hat ech e ganz anere Guest-Post, bis ech mech e bessen opgrond vum Sven sengen Comentairen ronderem informéiere war. Just war ech a mäi ganz egenen Milieu kucken, der Fotografie, an do muss ech feststellen: Nee. Letzebuerg weess wat en Internet ass, mee verstan huet d' Land en nach net wierklech. 

Wen moies eng Dageszeitung opschléit, dem sprangen emmer méi derer sougenannter Nightlife-Snapshots an d' An, Fotoen vun der jonker Party- a Clubszen a Letzebuerg, souwéi am Summer vill Fotoe vun Festivals an ähnlechen Evenementer. D' Reaktiounen zu dese Fotoen sin menger Erfahrung no meeschtens teschend "Ouh Alen, kuck, du bass krass an der Zeitung, High Five!" an "Oh nee, wéi gesin ech dann do aus?!" unzesiedelen. Elo hun ech awer e bessen a mengen Archiver gewullt, engersäits der Pabeiersammlung, anerersäits den puer Fotoen déi ech selwer gehal hun aus der Zeitung a muss eppes feststellen. Besonneg während der Festival-Saison gesäit een eng Hundertschar un Fotoen mat gudd gelaunten, schéine jonke Menschen. Hei hun se eng Béchs Béier an der Hand, hei hun se en Longebréitchen oder eng laut hinnen "bessen méi laang selwer gedréinten Zigrett" an der Hand, a poséire virun der Kamera. Dat ass vollkomme legitim, schliesslech stemmen si, wann se aktiv de Bléckkontakt mam Fotograf an der Kamera sichen an ken Zeeschen maachen, net wellen fotograféiert ze gin, zou, dass déi Foto gemaach kann gin. 3 Stonnen drop steet d' Foto vum X., 24 Joer, läscht Semester Erziehungswissenschaften fir Schoulmeeschter ze gin, mat enger Fläsch Béier an der Hand, enger Zigrett am Mond an e puer Meedecher, déi vill méi jonk ausgesi wéi hen um Internet, vläit souguer scho geshared vun engem Kolleg den d' Foto vum X. entdeckt huet an enger vun den akribesch genauen Online-Gallerien vu Radiosenderen an Zeitungen. Den X. weess näicht vun der Foto, seet heen, jo, dat stemmt och, hen ass nämlech den, den am Hannergrond riets steet, net Deel vum Grupp ass dee Fotoe mécht an trotzdem drop ass. 








Mir als gewessenhafte Mensch stellt sech elo eng Fro: Kucken all déi Nightlife- an Eventfotografen hier Fotoen emol duerch, ier se se veröffentlechen? Ech selwer muss bei menge Fotoen emmer dorobber oppassen, keng Persoun am Bild ze hun, déi net drawell, ech als Privatpersoun kréien esouguer wann ech an der Staadt Architekturfotoe maachen vun Passante gesot ech sollt "verdammt namol oppassen dass se net am Bild sin". Subal eng namentlech bekannten Instanz awer optrett mat hierem Fotografon-Schwadron trett d' Umkehrwirkung an. D' Hülle falen, et gett poséiert mat Béier an "Peace-Zeeschen" an emmer brav gegrinst. De Mensch ass hautesdags, an eisem 21. Jorhonnert esou fixéiert, säin egent Optrieden en scéne ze setzen, dass en komplett moralesch Aspekter vun enger Foto ignoréiert. Wou soll een hautesdaags nach d' Grenzen zéihen? Ech perséinlech fannen et schon eng Grauzone, alkoholiséiert oder drogéiert Menschen ze fotograféiren, déi enner Emstänn, an dat kann ken vu wäitem soen, guer ken Aschätzungsvermögen hun, a vläicht Saache maachen, déi se guer net wollten virun enger Kamera maachen. Kann een, wann en esou an d' Privatsphäre vun de Leit agräift, och Fotoen op den Toiletten maachen, oder bäim Oftaaschte vum Security-Personal, beim Festgehollgin wéinst "Erregen öffentlichen Ärgernisses"? Wann ech elo konsequent giff denken giff ech soen: "Jo, firwat eigentlech net?" Als humant Wiesen soen ech dann natierlech: "Nee, do sin Ennerscheeder an Grenzen!". Mee gesin dat Fotografen och esou? Ass et wierklec legal respektiv moralesch vertriedbar, allméiglech Fotoen (ganz beleéift ware läscht Joer iwwregens Fotoe vu Leit déi widdert den Drot urinéiren) kennen suwuel online als och a Printmedien ze publizéiren? Firwat traut sech ken, dess Fro a Letzebuerg emol ze stellen?   Wéi aus der Flent geschoss setzen eis Presseorganer hier Snapshots op Internetsäiten an drécken se suguer an Daageszeitungen, ganz egal op niichtern oder bedronk, 14 oder 27 Joer aal, fräizügeg ugedoen oder elegant. An mir all kucken déi Fotoen a soen "Wow, dat wua bestemmt e flotten Owend!". 

Huet e Fotograf hautesdaags nach eng moralesch Integritéit oder net? Muss een sech rechtferdegen, déi Fotoen ze maachen, déi d' Leit wellen, wuelwessend dass en sech an enger Grauzone befennt? Des Froen wäerten an Zukunft emmer méi oft opkommen. An an dem Punkt gin ech dem Sven dann erem Recht, Letzebuerg huet den Internet nach net ganz verstan, well den Internet 1. näicht vergesst, an 2. sech heiernsdo och ganz gudd wiere kann. 

Hudd dir ierch och schon emol déi Fro gestallt op wivill Fotoen dier onbewosst am Hannergrond sidd? Schreiwt an d'Kommentarer ob der schon gudd, respektiv schlecht Erfahrungen gemaacht hudd, oder kommentéiert waat äerch soss nach an de Kapp kënnt no dësem Post!

-Sam Flammang, 2013

Ech hoffen dëse Guest Post huet ierch gefall! Wanns du selwer och eppes schreiwe wells an der grousser wäiter Welt weise wells, kontaktéier mech ganz einfach a so mer iwwert waat dass du schreiwe wëlls! An vergiesst net fläisseg ze sharen, speidsdens wann dein Post hei steht géiffste der genee daat wënschen ;) (sämtlech informatiounen wéi een mech Kontaktéiert fënnt een uewen enner "Kontakt" oder op dësem LINK)

bis dohin,
stay tuned.






Mittwoch, 1. Mai 2013

Movies: Iron Man 3

Iron Man 3 - by Shane Black

Infosite mat Traileren a Biller

Iron Man 3! DE Film op deen ech dëst Jooer gewoart hun ass endlech do, Gott waat war ech frou wou ech am Kino suutz an dee Film deem sein Trailer ech ca. 100 mol gekuckt hun, endlech gelaaf ass! Dofier warnen ech dann och direkt vier: egal wei vill Méi ech mer gin, eng gewëssen Subjektivitéit wert an dëser Review net auszeschléisse sin... beim Iron Man gi suguer ech schwaach, heen ass einfach dee Coolsten!




Vu fier eran: dësen Iron Man Film ass NET wei seng 2 Viergänger, an doweinst och ganz schwéier ze vergleichen wann et drëms geet ze décidéieren weieen da lo dee Beschten vun deenen Dräi ass! Mee alles mat senger Zeit, als éischt mol zum Film selwer:

De Film fänkt un wei den Tony seng bishereg Liewensgeschicht zielt... daat geet iwwert seng Zeit fierum éischte Film, bishin zu de Geschehnissen vum Avengers Film. (Intressant ass den Detail dass een den Professor, deen dem Tony am eischte Film d'Liewe rett an behaapt se hätten sech fréier schon eng Kéier op enger Party gesin, effektiv hei op genee der Party gesäit). A genee sou friddlech wei daat kléngt, fängt och alles un. Fier d'éischte Kéier an der Trilogie ass baal alles Friede-Freude-Eierkuchen an der Villa Stark an et erliewt een den Tony am Alldaag, ausserhalb vun senger Werkstatt. Natierlech hällt daat net allzelaang un, et soll io schliesslech eppes gescheien... an daat geschitt dann och. Iwwerall an der Staat gëtt vu Bommenugrëffer Bericht, an de Bösewicht vum Film, de "Mandarin" schwetzt seng Drohungen géint de Präsident aus, an (wéi een am Trailer geseit) geet et och dem Pepper un den Hals... "the one thing I can't live without"! De Recht vun der Geschicht musst der da scho selwer kucke gooen ;)

Duerch de ganzen Film gin emmer rem Uspillunge gema un d'Deeler 1 an 2, souwei och un d'Ereigniser aus Avengers, an zumools déi maachen dem Tony emmer nach Problemer (hee war do emmerhin baal gestuerwen...). Dës kleng Detailler sin nei an dëser Trilogie an maachen aus dem Film en méi dynamecht Spillchen. Dozou drooen awer och dei wierklech vill kleng Witzer bei, déi iwwert de ganze Film monter versträht sin, an engem emmer rem e klengt Schmunzelen opruffen. (An de bisheregen Iron Man / Marvel Filmer waren io amfong emmer scho Witzer, mee an dësem Deel sin der awer nach e Stéck mei).


Wei ech scho ganz am Ufank soot: en ass NET wei seng 2 Viergänger; an zwar andeem Sënn dass sech net de ganze Film iwwer op de groussen Endkampf géint de super mega fette Boss vierbereed gëtt, mee éischter am Contraire! Vill kleng Kämpf, dei dofier awer op kee Fall manner spektakulär sin, an eng ganz Rëtsch nei Spillereien dei den Tony entweckelt huet ennerhaalen een beschtens. Daat heescht awer net dass een an dësem Film op déi erwoaten Schlacht um Schluss verzichte muss, am Geijendeel: opwuel mer dës Kéier keen typeschen riesegroussen Endboss hun, sou ass dei ganz Szene iwwerdriwwen spannend an einfach atemberaumend (mer zumindest). Daat Leit haaptsächlech un enger spezifischer neier Spillsaach vum Tony, déi een eventuell am Trailer erblécke kann!

Eppes ass dem drëtten Deel vun der Trilogie awer bliwwen: de Charme an d'Coolness vum Tony Stark, waat ganz einfach un der genialer Peformance vum Robert Downey Jr. läit. Net fier näicht huet de Stan Lee fieru Kuerzem gesoot dass, wou heen de Character Tony Stark erfonnt huet,  heen sech en genee sou viergestallt huet wei de Robert e spillt!

Ech perséinlech fannen et Schued dass den Director net méi, wi bei deenen 2 Deeler fierdrun, den Jon Favreau ass, an ierjendwei mierkt een daat och e bëssen, op eng ganz subtil Art a Weis, dei awer kengeswegs stéiert! Et géiff mech just intresséieren wéi de Film géiff ausgesin wann den Jon d'Directioun gefouert hätt!

Wéi der Ierch vläit denken kënnt fällt meng Bewertung op kee Fall schlecht aus. Mee als éischt nach 2 Citatiounen,déi sech net méi ennerscheede keinten, déi direkt noom Film enstaane sin:

"Also ech hun d'Sau mega Schäiss fonnt!" - A.G.
"Déi beschten Szene? De ganze Film!" - N.P.

D'Begrënnung hannert der éischter Citatioun ass dass et kee klasseschen fetten Endboss gin ass, mee daat hun ech io uewen driwwer erkläert, a wann een den Internet bëssen duerchstöbert fënnt ee raus dass eng Minoritéit vun de Leit daat gestéiert huet... net fier näicht huet de Film 7.9 op IMDb, an 8.2/10 op der berühmter Ulmerich-Skala!


Fazit: "Iron Man 3" ass en wierklech gäil gelongenden drëtten Deel fier d'Saga, an jiddereen deen d'Marvel Filmer eiffreg verfollëgt MUSS dëse Film kucke gooen! An fier all déi aaner bleiwt nëmmen ze sooen: what the fuck is wrong with you? kuck gefällegst Iron Man 1,2 an 3... DIREKT!(tschö!)

bis dohin,
stay tuned.

Ps: schreiwt mer dach roueg an d'Kommentarer  hei drënner oder op Facebook als Kommentar wier ierch de Film gefall huet! An als sousätzlech Aufgab: resuméier wéi der de Film gefällt an engem Saatz!