Montag, 24. Mai 2010

Wien: Daag 1

Yuppi yay yo, ech si ganz zu Wien ukomm (trotz enger PilotIN...) ;D

Aaalso, no der iwweraus ustrengenden Ureess, dei doraus bestaan huet 30 minuten Auto ze fueren an 1 Stonn am Fliijer ze schloofen, hu mer eis geduet "hm, solle mer net nach eppes maan wou mer als eischt bessen raschten kennen?" Doraus ass eng Kutschfaart durch Wien resulteiert, hehe. Daat war scho mol zimmlech praktesch fier dee ganzen Flair vu Wien sou a Betruecht ze zeien, an fierun allem fier sech unzepassen(oder zumindest ze mengen et hätt een sech ugepasst.)

Vue dass haut den eischten Daag war, an mer nach bessen planglos duerch d´Geijend gelaaf sin, hun mer nach net SOU vill gemaach, mee emmerhin hu mer schon ee ganzen Tour aus dem Guide gemaach, an dobei genuch Sehenswürdegkeeten fier dei nächst 15 Jooer gesin. Natierlech hu mer eis d´Chance op enger echter Wiener Terrasse eppes z´iessen net entgooen gelooss, an ech muss sooen: dei Wiener hun e gudde Gout wat Desserten ugeet ;D.

Bis lo ass mein Androck vu Wien nach relativ Zwispälteg. Op der enger Seit geseit een eng enorm propper an relax Staat, an der vill gebuede get, net nemmen fier Touristen, an wou een sech direkt doheem fillt, well et genee sou ass wei een aus aus Clichees-Witzer heiert, GEMIDDLECH an nemmen keng Hektik :). Op der aanerer Seit hun ech bis lo awer festgestallt dass d´Wiener a Saachen Frendlechkeet knapp mam Personal an eisem klenge Ländchen ka mathaalen, an dass et guer net sou einfach ass, teschent all den Fast Food an Touri-Abzock Buden en richteg gudde Resto ze fannen. Mee egal, kucke mer mol wei et moa ausgeseit. Hoffentlech bleiwt d´Wierder sou geil wei et haut war, et sin zB lo um 22:00 nah 17 Grad gewiercht - ergo, mam Tshirt ass et engem scho baal ze "waarm". Ajo: Ierjendwei laafen hei DECK vill Leit mat engem "I <3 NY" tShirt rondrem, fierwat och emmer^^

Moa stin dann mol e Puer flott Saachen um Programm, enner aaneren e Filmmuseum an den Naschmarkt, vun deem een secherlech entweder vollgefriess, oder mat Loscht op mei rem roofgeet. ;D

PS: BOA egal wou een hei op den Teller kuckt, e Schnitzel verdeckt EMMER de ganzen Teller xD



Sonntag, 23. Mai 2010

Short News: Wien inc!

Abee,
deen heiten geet dann mol vum 24ten bis den 27ten op Wien Schnitzel iessen an Mozartkugeln verschlingen, a ganz nierwebei nach d'Staat kucken ;D Mee keng Angscht, wann eisen Hotel Internet huet, misst et all Daag e klengen Wien-Report gin, da muss ech net alles bei en een schreiwen wann ech rem do sin, well do vergiessen ech souwisou d'Halschent!

An deem Sënn: Ech wënsche mer eng schei Vakanz, ech wärt mech vermëssen.



Short News: Best Inventions

Nei Idee, einfach mol short news afeiren, fierwaat net.
Ech sin haut de mueren beim surfen op eng Säit gestouss, well ech eppes iwwert den iPhone gesicht hun, an hun dobei dës genial entdeckung gemaach. Eng Lesch mat de beschten Erfindungen dei je gemaach gouffen. D'Ranglescht gëtt no verschiddenen Kriterien geuerdnet, e Puer dovun sin Verbreedheet, Deegleschen Notzen an allgemengen Notzen (also fier Jiddfereen, an net nëmmen fier eng kleng Grupp vu Mënschen) . Sou ass op Plaatz 1 zum Beispill d'Rad, well et sou zimmlech NEICHT mei ouni rieder gëtt, oder Zännrieder der waat och emmer. Plaatz 4 an 5 beleehen den Internet an de Computer. Un der 6ter Stell fënnt een den Telefon, an op 7ter Plaatz den allsäits beleiften Penis, ehm, Penicillin. An lo zum Highlight:

Den iPhone ass op 8ter Plaatz vun de beschten Erfindungen dei jemols gemaach gouffen plazeiert.

Daat huet mech schockeiert an faszineiert gleichzeiteg; ech mengen, ja, den iPhone ass vill verbreed, an en huet vill Funktiounen / Apps dei relativ nëtzlech sin, mee Plaatz 8? Op den eischte Bleck wierkt et meeega domm en HANDY op dei 8t Plaatz se sëtzen, mee wann ee kuckt waat alles hannert dem iPhone ass, gëtt daat ganzt bëssen mei Sënn. Camera, Google, Mobile Phones, Laptop, Compass, eMail, Calculater, Wi-Fi, Fernbedienung, eBay, iPod,... alles daat sin Saachen dei een och um iPhone maachen kann, oder wi ech su gär sooen "et gëtt eng App dofier" ;D

Trotzdem fannen ech et mega strange dass en op 8ter Plaatz ass... Waat haalt dier dovun? Iwwerdriwwen? Fierwaat? Post e Kommentar ;D

Fier dei ganz Lëscht vun den 100 beschten Erfindungen liesen ze kënnen, muss een ierjendwou klicken, mee ech weess beim beschte Wëllen nemmei wou :s

PS: dei bescht Erfindung ass souwisou nach emmer de Gott muahaha



Samstag, 22. Mai 2010

Emfroo: Grafik an dei Nei.

Tjaaaa, ech hun et dach gesoot, Arktos ass halt am gäilsten ... war klooer ;D
(drop klicken fier mei grouss)

Dei nächst Emfroo geet iwwert d'Heiser beim Harry Potter; also gëtt schon erem eng fier d'Liewen wichteg Froo beänfert, top daat do. Merci un de Christophe, deen vum Ben geruff gouff, deen him dann d'Idee gesoot huet, fier dass de Christophe mer se an der Klass zouflüstere kann! Wichteg dobäi ass awer dass ech NET Griffendoor zur Auswiel stellen well soss all Hennes daat uklicken wert... Als Schlusssaatz bleiwt nemmen nach ze sooen: Gesidd der, et lount sech mer äer Ideen ze sooen, villes dovun gëtt emgesaat! (Daat soll lo heeschen dass ech mol e puer nei Ideen kreien wëll ;D )



Wei sech halt alles ännert...

Gott, wei laang ech neicht mei gepost hun.
Erklärungsversich: Ech wollt de Lipdub-Post uewen loossen. An duerno hun ech mech gemiddlech dru gewinnt einfach neicht ze schreiwen. An well.. off, intresseiert dach souwisou keng Sau; jiddereen wëll liesen an da soll en daat och lo maan: Let's do it ;D

Abee, den Titel seet alles.
Sou daat war et dann fier haut, mei gëtt et moa ze liesen.

...

Hm merde, lo hun ech mam Schluss ugefaang, tja sin halt ausser Übung.
Also wei den Titel et seet, hun ech mech haut mol bëssen domat befaasst wei sech alles am Laaf vun der Zeit verännert huet. Ufänke maachen ech mam Phänomän Internet. Ech mengen, ween kann dann haut des Daags nach ouni daat Wonnerwierk vun Daten auskommen, an domat mengen ech och Handy-Internet an sou Saachen, einfach kompeltt ouni WWW. Freier hun d'Leit einfach e Buch geholl, eng Stonn dra gebliedert an dann endlech eng Definitioun fonnt... ganz eierlech, wann ech nokucken misst waat dei genee Beezechnung vun, ehm, enger Zell wier, da misst ech mer als eischt mol e neit Buch kaafen gooen. An sou huet sech daat ganzt dann am Laaf vun der Zeit entweckelt: aus enger Datenbank vun Online-Diktionnairen an Infos-Säiten, ass no an no en Portal fier Biller an Musik gin, an NACH mei speit koum dann d'Kombinatioun vun deenen 2 Saachen: de Video. Ween kann sech dann nach erenneren mat wat et ugefaang huet? Genee, dailymotion war dei eischt Videosplatform, mat enger geschätztener Luedezeit vun 5 Minuten pro Sekonn Film, mee et war GEIL ;D Fierun 5 Jooer ass dann Youtube entstaan, an huet sech bis haut un d'Spëtzt gekämpft, an daat mat engem gewalten Viersprong. Mëtlerweil gëtt et suguer schon als eent vun den "neien Weltwonneren vum 21ten Johrhonnert" gehandelt! (Weess eigentlech een vun äerch vu wou de Numm Google kennt? Daat kënnt vun enger Zuel, dei ca. 100 Nullen huet, an eben "Googol" heescht, cool Saach ne? :P)

Bon, genuch Geschichtsunterrecht an Klugscheisserei; komme mer zu menger Welt ;D

Vue dass ech lo dei lescht Wochen neicht gepost hun, an noch net wierklech eppes ze posten haat (Ausried blabla...), hun ech mer emmer zu kleng Gedankegäng opgeschriwwen, an haut dann fetsgestallt dass se ALLERGUER, ouni Ausnahm eppes mat Verännerungen ze din hun. Dofier lo hei dei lëscht:

1. Freier war ech wierklech happy wann ech op mengem Nokia 3310 en Monotonen Klingelton oder e Bild gescheckt kritt hun, an och den Notzen vum Handy war zu 90% op Saachen (Biller+Sonnerien) schecken ausgeluet. Haut reejen ech mech op wann ech um iPhone net grad eng App hun dei mer ganz genau seet weivill Newton een brauch fier Aktioun X duerchzefeiren, well meng Rechmaschinn um Handy mer nemmen 15 Stellen uweist. Et nervt mech wann en mei laang wi 1 Sekonn brauch fier eng SMS opzemaan, an fierun allem gin ech roossen wann ech um TOUCHSCREEN donierft tippen, well den Ecran io souuuu schrecklech kleng ass. xD

2. Freier hun ech Nintendo 64 gespillt. A ween kennt en net: den "ech bloossen lo eng Keier ganz fest an d'Kassette an an de Schlitz, an dann geet rem alles"-Trick. Wann et dann nach net gaangen ass sin ech rosen gin, hun d'Casette eng Keier fest drageschlooen an dann ass et neess gaang. Haut spillen ech Wii um iMac, wärend ech am Hannergrond eng CD am iTunes lauschtren, wubei nierwenbei Firefox an Msn op ass, an eventuell Mail. A wann nemmen eng vun deenen 2325664 Saachen net geet, reejen ech mech iwwert d'Technik op an maachen schlagarteg all dei 500 Programmer aus, wubei ech 2 Sekonnen drop rem 499 dovun umaachen, an daat maat 100%er Secherheet.

3. Freier sin einfach deeeeck gäil Serien um Fernseh komm. (Also ech schwetzen lo vu Kannerserien). Extreme Dinosaurs, Ninja Turtles, Doug, an wei se net nach all geheescht hun, waren festen Bestanddeel vu mengem Nomëtten, an egal wou een higeschalt huet (ACHTUNG: mer schwetzen hei vun 15-16 Auer), ass eng Comic Serie gelaaf, einfach d'Paradis. Haut mecht een, aus Angscht d'Dommheet vum Inhalt keint ooffierwen, eng groussen Bou ëm dei genannt Zeiten, ausser et ass een Masochist an et deet een sech, a sengem Verstand, dei, mat Sëcherheet opfannbar, asozial Sendungen an Geriichtshows gäeren un.

4. Freier, zu enger Zeit wou Äpple an Schwaarzbieren nach Friichten waren, ass Sport gemaach gin, fier Sport ze maan, net fier Suuen ze verdingen. Do hun d'Leit zefridden gelieft, an net Siewenmilliarden Kilometer ennert dem Mier no Uelesch gesicht, an domat d'Welt freckt gema. Do ass een an de Kino gaangen, an den Highlight war eng Staang Dynamit dei an d'Luut gaang ass. Haut muss do schon dei ganz Welt ënnergooen. Freier sin et keng Tonnen un Diät-Produits gin, an trotzdem ass d'Menschheet haut sou fett wei se et nach nie war...

5. Freier ass nach richteg Musik gemaach, well d'Ziel war net souvill Geld wei meijlech ze maachen, mee einfach d'Leit ze ënnerhaalen. Den David Gilmour huet eng Keier gesoot:"e Musiker spillt daat waat him gefällt. Wann daat zoufälleg nach den Grand-Public gefällt, dann haat en Gléck." Haut gin et laut der Definitioun an sech baal keng Musiker mei. All Mainstream Musik baseiert op den selweschten 4 Akkorden, a Plaatz fier Experimenter ass net vill do. Daat aktuellst Beispill liwwert wuel den David Guetta, deen sech Johrhonnerte fierdrun ukënnegt, an ee Public un 12000 Leit unzitt, obwuel seng Musik neicht weideres ass wei e pychologescht Spillchen: mei oder manner gleiche Beat, einfachen Text, an perfekt op dei Breed Masse ausgeluet.

Hm, lo wollt ech eignetlech nach e 6te Punkt schreiwen, mee dei blöd Äschewollek vum Eyjafjallajökull verdeckt mer d'Siicht op meng Tastatur >.>

Freck, an mer fällt lo reicht op dass de Blog dës Keier MEGA schlëmm no "mimimimi alles ass mega scheiss" klengt, wubei daat lo wierklech net mein Ziel war. Bloginhalt proportionell zu der Laun, waat e Quatsch, lo weess all Mensch wi ech drop sin xD

Wei deem och ass:
Abee, den Titel seet alles.
Sou daat war et dann fier haut, mei gëtt et moa ze liesen. (Oder einfach lo direkt wëll ech nach d'Resultat vun der Emfroo graphesch poste wert ;D)

PS: 6. Freier hun ech an d'Freundschaftsbuch bei Instrument "Igitt" geschriwwen, am haut maan ech den halwen Daag neicht aanescht wei Guitar spillen :D